
Souwuel beim Pëtrol wéi och beim Gas sinn d’Präisser an de leschte Wochen duerch den Iran-Krich duerch de Plaffong gaangen. D’Lëtzebuerger Regierung envisagéiert awer nach keng Mesuren, fir d’Leit ze entlaaschten, am Moment setzt een éischter dorobber, datt de Verbrauch no ënnen oder op mannst net an d’Luucht geet.
Méi wéi 2 Euro muss een zu Lëtzebuerg aktuell fir 1 Liter Diesel bezuelen, beim 98er-Bensinn sinn et 1,8 Euro a beim 95er ëmmerhin nach 1,7 Euro. Beim Mazout läit de Präis bei knapp ënnert 1,5 Euro de Liter. Ma trotzdeem huet d’Lëtzebuerger Regierung net Wëlles, de Bierger finanziell ënnert d’Äerm ze gräifen. Et setzt ee vill méi op Sensibiliséierung, an éischter Linn wéilt ee verhënneren, datt d’Leit méi Energie wéi souwisou scho konsuméieren.
Et gëtt awer och Tipps, fir Energie ze spueren, wéi de Simeon Hagspiel, Energiekommissär vun der Lëtzebuerger Regierung, erkläert: “Zum Beispill d’Heizung ausmaachen, wann een net doheem ass, also ganz einfach Messagen. Beim Fueren hat den ACL wéi gesot scho verschidde Recommandatioune ginn, fir säi Verhalen op der Strooss vläicht bëssi unzepassen. Dat si kleng Gesten, kleng Efforten, déi awer schonn ee gewëssen Impakt kënnen hunn.”
Méi grouss Mesuren, déi deen Eenzelen huele kéint, wieren zum Beispill d’Ëmklammen op een Elektroauto oder eng Wärmepompel. Wat d’Pëtrolsreserven ugeet, wieren déi aktuell gutt gefëllt an et géing och keng Liwwer-Enkpäss ginn. Dowéinst plangt d’Regierung de Moment och keng restriktiv Mesuren, déi d’Leit also an d’Richtung vu manner Konsum drécke géingen. Ma jee nodeem wéi sech déi international Situatioun weider entwéckelt, kéint sech dat och änneren. “Och do muss ee sech virbereeden, wann d’Situatioun sech sollt verschäerfen, fir gegeebenenfalls och do Moossnamen ze huelen. Dat kann zum Beispill eng Vitesse-Limitatioun sinn, eng Restriktioun vun der Vente op der Pompel. Dat sinn alles Recommandatiounen, déi och vun enger Internationaler Energie-Agentur an och vun enger EU-Kommissioun esou scho formuléiert goufen. Mee ech denken et ass elo nach ze fréi, fir sou Mesure wierklech ze huelen.”
Wat de Spritpräis un der Pompel ugeet, hätt d’Regierung d’Méiglechkeet, dësen entweder iwwert d’Accisen oder d’TVA ze beaflossen. Wann Diesel a Bensinn méi bëlleg géinge ginn, kéint dat awer negativ Auswierkungen op d’Reserven hunn. “Mir hu ganz attraktiv Präisser op der Pompel hei an der Groussregioun. Mir hunn och doduerch ee gewëssen Tanktourismus, wat mer kennen, dat ass eng Situatioun mat där mer kënnen ëmgoen. Wa mer awer elo an eng Richtung géinge goen, wou de Präis nach méi attraktiv wier, wier et sou, datt mer nach méi Consommatioun géingen unzéien an doduerch genau an där Situatioun riskéiere géingen, a Versuergungsenkpäss ze kommen.”
Datt Lëtzebuerg op de Wee vun der Slowakei goe kéint a just de Präis fir Leit mat Lëtzebuerger Nummereschëlder méi niddreg mécht, hält de Simeon Hagspiel fir net realistesch, dat wier awer um Enn eng politesch Decisioun. Am Fall vun der Slowakei huet d’EU-Kommissioun och scho mat enger Prozedur wéinst dem Net-respektéiere vun EU-Verträg gedreet. Dat huet bis elo awer nach net dozou gefouert, datt Bratislava seng Politik geännert hätt. Wat d’Lagerung vun de Lëtzebuerger Pëtrolsreserven ugeet, sou befënnt sech um Territoire vum Grand-Duché eng Quantitéit, déi fir 10 Deeg duergeet. De Rescht vun de Stocke geet fir 83 Deeg duer a gëtt an der Belsch an an Holland gelagert.
Dem Energiekommissär vun der Lëtzebuerger Regierung no wier et ganz schwéier virauszesoen, wéi sech déi international Marchéë weider entwéckele wäerten. Se kéinte sech zum Summer hi berouegen, ma et misst een och op deen aneren Zenario preparéiert sinn.