Vel'OH!Vun elo u muss een nees bezuelen

RTL Lëtzebuerg
Zanter e Méindeg kascht et nees eppes, fir de Vel'OH!-System an der Stad Lëtzebuerg ze benotzen. Den Tarif ass 18 Euro pro Joer.

D’Bedreiwergesellschaft JC-Decaux hat de Service wärend enger Rei Woche gratis ugebueden, well et Problemer mat den elektresche Batterie vun de Vëloe gouf.

D’Servicer vun der Stad Lëtzebuerg hätten d’lescht Woch iwwerpréift, ob d’Problemer behuewe gi wieren, et wier och erëm alles an der Rei, esou de Stater Schäffe Patrick Goldschmidt op Nofro hin. Zanter datt d’Vëloen alleguer en elektresche Motor hunn, ass d’Unzuel vun Notzer an d’Luucht gaangen – wéi een Impakt dat hätt, wéisst een awer nach net, esou de Patrick Goldschmidt.

De Patrick Goldschmidt

Well et Feeler um System goufen, wäert d’Bedreiwergesellschaft och nach Penalitéite bezuele mussen, esou nach de Patrick Goldschmidt. Wéi héich dës ausfalen ass awer nach net kloer.

De Stater Schäffe Patrick Goldschmidt iwwer de Vel'OH
Et wéilt ee sech un dat halen, wat am Kontrakt steet.

Back to Top
CIM LOGO