Bal all Dag nei Präisser fir Diesel, Masutt a Bensinn. Bedéngt duerch de Krich am Noen Oste klammen se an engem Stéck. Wien net op säi Gefier verzichte kann oder wëllt, iwwerleet sech entretemps vläicht, op wéi eng Manéier en de Verbrauch no ënnen drécke kann. Am Journal op der Tëlee hat de Serge Pauly dozou déi richteg Tipps an Erklärungen.