Automag: En Ausbléck mat KiaWéi eng Modeller kréien e Facelift a wat gëtt et Neies um Marché?

Christian Schmit
Andy Brücker
Kia hat d'Auto-Press invitéiert, fir en Ausbléck op dat ze ginn, wat d'Mark 2026 zu Lëtzebuerg ze bidden huet.

Enn des Joers ass et bei den Autosmarke gemenkerhand schonn de Moment, fir d’Auto-Press ze invitéieren an déi Modeller ze presentéieren, déi da fir den Autosfestival an de Showroom kommen. Enn November war dat bei Kia de Fall. Mir haten de Christian Schmit dohi geschéckt.

Bei Kia sinn et ganz zefridde Gesiichter, wann déi op d’Verkafszuelen 2025 kucken. Haaptsächlech de Modell EV3 konnt iwwerzeegen, dee sech am Fleet-Beräich besonnesch ervir deet. Di südkoreanesch Mark huet quasi di ganz Gamme erneiert, respektiv iwwerschafft.

© Christian Schmit

D’Modeller Stonic a Sportage profitéiere vun engem Facelift baussen a bannenan.

Ganz nei annonncéiert sech de Modell K4, deen de Ceed ersetzt. De kompakten dynamesche 5-Dierer kënnt op 4m44, leeft a Mexiko vum Band, dat och mat Hybridisatioun. Et bleift ee souwisou och der Linn als Constructeur “Multi moteurs” trei, dat heescht, bei Kia kann een thermesch, mat oder ouni Hybrid-Technik, oder elektresch ënnerwee sinn.

© Christian Schmit

Bei den E-Autoen, do sinn et den neien EV4 Hatchback an d’Fastback-Versioun déi ervir stiechen, fir déi di keen SUV wëllen oder brauchen. E kann a verschiddenen Ausstattungslinne bestallt ginn, an och mat méi oder manner grousser Batterie-Leeschtung. Houfreg ass een och drop ze preziséieren, dass deen an der Slowakei, deemno an Europa zesummegesat gëtt.

Mee natierlech steet och en neien SUV parat, dat mam EV5, an dee kann um Autosfestival 2026 bewonnert ginn.

Jo an och an der Liga vun de Mini-Bussen an Utilitäre spillt een elo mat. Déi nenne sech da PV5 Passenger a PV5 Cargo. Si si reng elektresch a kommen och 2026 bei eis op Lëtzebuerg.

© Christian Schmit

Vill Modeller komme wéi gesot fir den Autosfestival bei d’Kia-Concessionairen, a sinn nach virdrun zu Bréissel um Auto Salon elo am Januar ze gesinn.

Back to Top
CIM LOGO