Dir hutt d'WuertWéi hutt Dir et mam Transport, der Mobilitéit an dem Verkéier zu Lëtzebuerg?

RTL Lëtzebuerg
Sot eis Är Meenung: e Mëttwoch tëscht 12 an 13 Auer live op Radio Lëtzebuerg oder scho virdru via Repondeur, SMS, Facebook oder RTL.lu.

Wien wiertes muss Trajeten am Land zréckleeën, deet besser drun, direkt den ëffentlechen Transport ze huelen, well mam Privatauto gëtt d’Gedold meeschtens op eng haart Prouf gestallt.

03/04/2019 Dir hutt d’Wuert

Déi inevitabel Stauen, wann net méi Leit Zuch, Bus an Tram huelen, zu Fouss ginn oder mam Vëlo fueren - mee ass et domat gedoen?

Geet d’Offer duer, wat blockéiert am Stroosseverkéier a wéi kann ee vun der Immobilitéit nees zu méi Mobilitéit kommen?

Alles Froen, déi mir Iech stellen an interesséieren: Transport, Mobilitéit a Verkéier zu Lëtzebuerg!

Dir hutt d’Wuert: Sot eis Är Meenung an diskutéiert um Radio mat, dëse Mëttwoch tëscht 12 an 13 Auer, live, respektiv iwwert de Repondeur 13 33, eng SMS op de 60 330, via d’RTL-Facebook-Säit oder hei op RTL.lu.

Back to Top
CIM LOGO