
De Gesetzprojet wäert och lo net méi virun Enn des Joers fäerdeg sinn, sou wéi et geplangt war. D’Ministesch geet elo dovunner aus, datt den Text réischt Uganks d’nächst Joer wäert kënnen deposéiert ginn. De Projet wier komplex an et misst ee vill technesch an administrativ Aspekter mat fir den Devis a Betruecht zéien, heescht et.