
D’Gefierer, déi am Norde vu Frankräich tëscht 2008 an 2013 ugemellt goufen, mussen alleguerten d’Airbaggen direkt ersat kréien.
Dës Airbagge vun der Mark Takata kënne méiglecherweis seriö Verletzunge verursaachen a sinn am Ausland scho Schold un 11 Doudesfäll. Déi japanesch Firma Takata war schonn 2014 a vergläichbar Fäll bei VW, BMW an Toyota verwéckelt a gouf zanterhier zougemaach.
Eng éischt chaotesch Réckruff-Campagne - “Stop-Drive” genannt - war vu Citroën an DS schonn Ufank 2024 a Südeuropa, dem Maghreb a Südfrankräich lancéiert ginn.
Ma nei Tester hunn d’Mammegesellschaft, de Stellantis-Grupp, derzou bruecht, d’Immobiliséierung “als Virsiichtsmoossnam” op de Rescht vu Frankräich auszewäiten.
D’Proprietäre vun dëse Gefierer sinn opgefuerdert, direkt e Rendez-vous an hirer Garage um Internet auszemaachen.