D'Airbaggen, déi vum japanesche Produzent Takata hiergestallt ginn, si Feelerhaft. Dowéinst hu vill Entreprisen elo hir Autoen zeréckgeruff.

Takata, antëscht faillite, gouf zanter 2014  vu villen Autoshiersteller an Zouliwwerer fir Airbagge genotzt. Zanterhier gouf et e puer Doudesfäll, well den Airbag geféierlech Géigestänn an d'Gesiichter vun de Leit, déi en u sech schütze soll, katapultéiert. Schold dorun ass de Gas, dee genotzt gëtt, well dësen a Regiounen, wou et waarm a fiicht ass, sech net gutt hält.

Haaptsächlech betraff sinn Autoen, déi tëscht 1998 an 2019 mat engem Airbag un der Mark Takata ausgerëscht goufen. Och wann d'Problemer schonn zanter 10 Joer bekannt sinn, hunn d'Autosmarken eréischt an de leschte Méint drop reagéiert, an dat iwwerall op der Welt.

Ass Ären Auto betraff?

Wéi erwäänt sinn eng 20 Autoshiersteller betraff an dat bei Gefierer, déi tëscht 1998 an 2019 gebaut goufen. Fir erauszefannen, ob Äert Gefier betraff ass, klickt op de Link vun der Autosmark a gitt um Site vum Constructeur Är Chassisnummer un. Sollt Äert d'Gefier betraff sinn, kontaktéiert esou séier wéi méiglech Äre Garagist.