RGTRZejoert sinn am Land iwwer 4.000 Busfaarten ausgefall

RTL Lëtzebuerg
Mam Bus fueren ass bëlleg, ëmweltfrëndlech an och fiabel: dat beleeën Zuelen iwwer Bus-Faarten, déi am RGTR-Reseau iwwer d'Joer gekuckt ausgefall waren.
© Domingos Oliveira (Archiv)

Iwwert déi lescht zwee Joer gekuckt, goufen et eng 7.500 Ausfäll op de Linnen, dat bei 5,5 Millioune Faarten, déi d’Bussen am ganze Land zeréckgeluecht hunn. Fir zejoert heescht dat, datt eng vu 670 Faarten net konnt duerchgefouert ginn.
Heefegst Ursaach fir d’Ausfäll si Problemer am Trafic wéi Stauen oder Deviatiounen.

Bus-Accidenter hunn zejoert zu 300 Ausfäll gefouert, wat eng Faart op 9.300 duerstellt. D’Chiffere liwwert d’Mobilitéitsministesch Yuriko Backes dem ADR-Deputéierte Jeff Engelen op seng parlamentaresch Fro zum Sujet.

D’parlamentaresch Fro N°2734 an d’Äntwert op dës am Detail, fannt Dir hei

Back to Top
CIM LOGO