
Wie wëllt e net, fir seng Kanner, de “Séchere Schoulwee”? Eng Partie Gemengen hunn, eegenen Aussoe no, op deem Punkt selwer eng Initiative geholl, well de Ministère näischt géing ënnerhuelen. Fréiseng ass eng vun dëse Gemengen. Vun do koum awer d’lescht Woch d’Nouvelle, si missten “d’Zoé an den Arthur” vun der Strooss huelen. E Jong an e Meedche stoungen zu Uespelt a Fréiseng als zimmlech realitéitsno Figuren um Trottoir, fir d’Automobilisten drun z’erënneren, dass all Ament Kanner kéinten iwwert d’Strooss lafen. Eng Iddi, déi de politeschen Autoritéiten um Kierchbierg awer net gefall huet.
Et war eng Reaktioun op den zweete Bléck. Firwat de Minister de Rot vun der Verkéierskommissioun net direkt eescht geholl huet, huet hien eis e Freideg net gesot. Egal – d’Argumenter déi den “NEE” vun elo erkläre sollen, den NEE an d’Gesiicht vu Zoé an Arthur, dës Argumenter si plausibel. Do steet eppes, dat ausgesäit ewéi richteg kleng Mënschen, an dat suergt fir Konfusioun, seet de François Bausch, Minister fir Mobilitéit. En Elefant hei, e faarwegen Zebrasträifen do an dann op enger anerer Plaz Männercher – d’Kanner kréichen domadder e falscht Sécherheetsgefill.
Dat do stoung schonn am Avis vun der Verkéierskommissioun vu ugangs 2019. Figuren déi Kanner duerstellen, géingen de Chauffer och oflenken, dee kéint sech esouguer u si winnen, a net direkt erkennen, wann effektiv där richteger Butzen iwwer d’Strooss wéilten.
Déi selwecht Symboler iwwerall am Land – “dat” géif eppes bréngen, e klore Plus u Sécherheet, präziséiert de Minister, dee perséinlech näischt géint d’Kreativitéit vun de Gemengen hätt an op wier fir all Proposen. Als Minister géing hien och nolauschteren.
De Verkéiersschäffe vun der Fréisenger Gemeng ass, wann en dat do héiert, bestëmmt e bësse besser gelaunt, wéi en Donneschdeg, wou hie sech iwwer d’Reaktioun vun der Regierung a Saache Zoé an Arthur opgereegt huet. Et wier net fir d’éischt, dass een als Schäfferot géing bäilafen, erënnert sech de Carlo Raus. Fir eist Verkéierskonzept gouf et ee Refus nom aneren, dixit Raus... an iwwerhaapt wier een 2018 mat engem ganze Katalog un Doleancen un de Minister erugetrueden, vum Kaméidi vun der Autobunn iwwer d’Beem aus der Schëffer Allee, déi bei si geplanzt goufen a futti wieren, bis bei d’Zone 30, déi si wéilten. Näischt géif geschéien, sou de Verkéiersschäffen.
Fakt ass op alle Fall, dass haut, zu Fréiseng weder d’Zoé nach den Arthur esou maache wéi wa se an d’Strooss géinge lafen. U sech wiere si net konform zum Code de la Route, erkläert de Minister. An dat gëllt deen Ament och fir déi puer Stater Männercher, an – jojo – och fir iech, dir Diddelenger.
Wann eng Gemeng op hirem Territoire Mesuren hëlt, fir d’Sécherheet vun de Kanner ze verbesseren, wa se aus der Schoul kommen respektiv iwwer d’Strooss lafen, ass dat u sech jo awer eng Initiativ, déi vun der Regierung misst begréisst ginn. Rieds geet vu Männercher – engem Meedchen dat Zoé heescht, an engem Jong mam Numm Arthur, déi bis en Donneschdeg an der Gemeng Fréiseng laanscht d’Stroosse stoungen an d’Automobiliste sollten drop opmierksam maachen, dass Kanner virun den Auto kéinte lafen. Firwat een zu Fréiseng elo keng därer plastiks Foussgänger méi begéint, erkläert d’Monique Kater.