
Besonnesch d’Amenagementsaarbechten déi op der Zuchstreck Ettelbréck-Dikrech solle gemaach ginn, komme beim Syndikat gutt un.
De Syprolux géing et allerdéngs besser fannen, wann och Verlängerunge bis op Biissen an déi aner Säit bis op Gilsdref virgesi wieren.
Och zu Méchela an op der Streck Klierf-Ëlwen sollte weider Ausbauaarbechte realiséiert ginn.
Zesumme mat den CFL sollt e Verkéierskonzept ausgeschafft ginn, fënnt nach d’Eisebunnergewerkschaft.