
Grond heifir war en technesche Probleem un de Weichen. D’Zirkulatioun war a béid Richtungen ënnerbrach an et goufen Ersatzbusser en place gesat. D’technesch Ekippe vun den CFL sinn op der Plaz, fir de Probleem ze léisen. D’CFL haten du méi spéit am Moie matgedeelt, datt den Zuchtrafic nees progressiv opgeholl gëtt, et kéint awer weiderhin zu Ausfäll a Retarde vun Zich kommen.