
D’CFL fuere mat hiren Efforten weider, fir d'Sécherheet vun hire Mataarbechter ze stäerken, notamment duerch eng verstäerkt Präsenz vu Sécherheetsagenten, gemeinsam Aktioune mat Police an der Douane an duerch verschidde Moossname fir Präventioun a Sensibiliséierung. Dofir ass d'Zuel vun de schwéiere kierperlechen Aggressiounen och zréckgaangen.
Dat äntweren d’Ministere Backes, Gloden a Margue op eng parlamentaresch Fro vun der ADR. Esou wier d'Zuel vun de gemellte Virfäll, wou CFL-Mataarbechter ugespaut goufen, vun 23 Fäll am Joer 2024 op 9 Fäll am Joer 2025 zeréckgaangen. Och d'Zuel vun de kierperlechen Ugrëffer mat Blessuren ass am selwechten Zäitraum vun 8 op 2 Fäll gefall.
Et ginn awer och Beräicher, wou méi Fäll gemellt ginn, beispillsweis beim Vandalissem oder dem moraleschen, respektiv sexuellem Harcèlement a virun allem bei de Beleidegungen ass d’Zuel vun 2024 op d’Joer 2025 nawell staark an d’Luucht gaangen.