3 Spuren, 6 Sortien, 51 Mio. EuroZweetgréisste Rond-point vum Land entsteet zu Diddeleng
D'Industriezonen tëscht Beetebuerg an Diddeleng entwéckele sech duerch den CFL Multimodal rasant. Doduerch klëmmt natierlech den Trafic u Camionen.
Fir deem Rechnung ze droen an de Verkéier fir an Diddeleng eran an eraus flësseg ze halen, entsteet bis Enn d’nächst Joer e risege Rond-point op der N31.
Dësen neie Kreesverkéier huet spéider 3 Spuren, 6 Sortien a kascht 51 Milliounen Euro. Et ass dann den zweetgréisste Rond-point am Land.
Zweetgréisste Rond-point vum Land entsteet zu Diddeleng
D’Industriezonen tëscht Beetebuerg an Diddeleng entwéckele sech duerch den CFL Multimodal rasant.