Lokal Produzente sti beim MATCH Lëtzebuerg am Mëttelpunkt

Vum 15. Juni 2022 un, maachen sech all d’lokal Produzenten an äre MATCH-Supermarchéen zu Lëtzebuerg eng Freed fir bei der neier Editioun vun de ProduzentenDeeg (les jours des producteurs) dobäi ze sinn. Um Programm stinn zwou Wochen Entdeckung a Presentatioun vu Lëtzebuerger Produite mat Degustatiounen direkt op de Stänn, déi d’Produzenten an enger Rei MATCH-Geschäfter opgeriicht hunn. Esou kënnt dir dës Leit an hir Produite besser kenneléieren. Dir kënnt och bei engem grousse Gewënnspill matmaachen.

LAANGJÄREG ZESUMMENAARBECHT

MATCH ass dofir bekannt am Laf vun der Zäit zolidd Partnerschafte mat enger ganzer Rei Lëtzebuerger Produzenten opgebaut ze hunn, fir déi kuerz Weeër an déi saisonal Produiten ze fërderen. Kommt laanscht an ënnersetzt déi lokal Produzenten an hir Qualitéitsproduiten!
Iwwregens stelle mir an dëser Editioun zwee Partner fir, déi hiren 100. Gebuertsdag feieren.

Maxim, eng Familljegeschicht zanter 100 Joer

Maxim ass eng richteg Familljegeschicht. D’Famill Crescentini war et déi 1922 déi éischt Nuddelsfabrik gegrënnt huet. Zanter dem 1. Januar 2000 heescht d’Entreprise „Maxim Pasta“ a gëtt vum Max Stoisa, dem Fils vum Rinaldo Stoisa geleet. D’Haus bitt eng fënnef verschidden Nuddelvarianten un: Vu Nuddelen op Basis vun Eeër bis zu Vollkärnuddelen oder och Bio-Nuddelen, alles ass dobäi.

Moutarderie de Luxembourg, 100 Joer am Zeeche vum gudde Goût

Eng Familljenentreprise zënter 4 Generatiounen. Bekannt fir den Original Lëtzebuerger Moschtert, huet d’Moutarderie de Luxembourg am Laf vun der Zäit hier Produits-Palette vergréissert, ugefaangen 1993 mat der Mayonnaise. Fir den 100. Gebuertsdag bréngt de Betrib ee besonnesch gelongent Moschtertglas am Vintage Stil eraus. Eng originell Iddi, déi bestëmmt de Fans an de Sammler vu Moschtertglieser gefale wäert.

Lëtzebuerg a seng héichwäerteg lokal Produiten

Vum Gromperefeld zu Ëlwen iwwert d’Wäibierger op der Musel bis hin op Stengefort fir de Schockela, dir hutt d’Geleeënheet déi vill Lëtzebuerger Produiten erëm ze entdecken oder nei ze entdecken. Geméis, Fleesch, Fësch, Eeër, Wäin, Schnaps an esou guer Schockela, Lëtzebuerg huet eng Abberzuel vu Qualitéitsproduiten déi de Räichtum vum Land, an där Saach, an de Virdergrond stellen.
E puer Produzente kommen extra dofir an äre MATCH-Supermarchéë fir sech, an hir Saache virzestellen, wéi zum Beispill d’Vinsmoselle, d’Luxlait, d’Cobolux oder Letz Coffee, deen dëst Joer eng Innovatioun presentéiert ; d’Kapsel aus Holz. All d’Produzenten an hir Portraite fannt dir hei.

GEWËNNSPILL

Am Kader vun de ProduzentenDeeg gëtt och e grousst Gewënnspill organiséiert, bei deem dir eng ganz Rei Präisser gewanne kënnt, déi all „Made in Luxembourg“ sinn. Memory Gesellschaftsspiller zum Thema Lëtzebuerg, mä och Bouferdengsbéier oder Schnaps vum Othon Schmitt!

Matspille kënnt dir bis de 25. Juni hei. Mir freeën eis op äre Besuch, vum 15. bis den 28. Juni 2022, an ärem MATCH Supermarché.