Den Ilôt Gastronomique ass den zentrale Punkt vun der Lëtzebuerger Aalstaat. De berüümten Tuerm mat sengem Schrëftzuch "Mir wölle bleiwe wat mir sinn", en onverzichtbaren Treffpunkt fir Touristen an Awunner, ass d’Häerzstéck vun de Gebaier. Den 2000 Quadratmeter grousse Site läit direkt niewent dem Palais Grand-Ducal. Op 6 Etagen erstrecken sech luxuriéis Zëmmere mat antickem Charakter. Duerch dem Ilôt seng Lag um Fëschmaart a seng Architektur, déi zeréckgeet bis op d‘Grënnung vu Lëtzebuerg, ass dëse Site vun enormer historescher Bedeitung. Eell en een Deel vun de wichtegsten Festungsanlagen vun Europa ass gehéiert dëse Site zanter 1994, zum lëtzebuergeschen UNESCO Weltkulturierwen.

Beim Renovéieren an den 80er Joren vum Ilot Gastronomique, och am Volleksmond Um Bock genannt, war et deem deemolege Besëtzer wichteg den anticken Charme vun den Gebaier bäizebehalen. Hei gouf eng Platz kreéiert wou d’Leit konnte beienee kommen an d´Liewe feieren. Zënter Joren ass et en eenzegaartegen Site fir Baren, Restauranten an Konschtgalerien, grad ewéi en attraktive Wunnraum am Häerz vun der Staat.

Den Ilôt Gastronomique gëtt de 5. Oktober 2022 am Hotel Le Royal an der Staat versteet. Méi Informatiounen fannt Dir um Site www.ilot-gastronomique.com.