D’Energiepräisser klammen – dofir lancéiert enoprimes bis Dezember 2022 eng speziell Aktioun: Och Är Primme klammen! Elo ass de richtege Moment, Äert Doheem ze renovéieren.

Dir hutt e Renovatiounsprojet? Dann denkt un enoprimes! Dir gewannt op all Niveau: Aarbechtskäschte reduzéieren, Energie spueren a gläichzäiteg en ëmweltfrëndleche Choix treffen.

Enovos, de gréissten Energiefournisseur zu Lëtzebuerg an en dynameschen Acteur an der energetescher Transitioun, ënnerstëtzt Iech bei Ärem Projet mam enoprimes-Programm.

Dir wunnt an enger aler Wunneng a wëllt déi gäre renovéieren? Den éischte Punkt, deen Dir iwwerpréiwe sollt, ass d’Isolatioun. Mat enger gudder Isolatioun kënnt Dir Är Energiekäschte besser kontrolléieren a gläichzäiteg d’Emissioun vun Zäregase reduzéieren. D’Isolatioun suergt fir méi niddereg Temperaturen a waarme Perioden an ëmgedréit konservéiert se d’Wäermt am Wanter besser. Mat enoprimes ginn dës Erspuernesser nach méi attraktiv, well d’Energiespuere vun enoprimes belount gëtt. Gutt Noriicht: enoprimes huet eng speziell Aktioun lancéiert, déi Är Primmen erhéicht. Esou gouf z. B. d’Primm fir d’Isolatioun vun enger Fassad dëst Joer verduebelt.

Dës Aktioun geet bis den Dezember. D’Erhéijung vun de Primme betrëfft och d’Installatioun vun enger Loft-Waasser-Wäermepompel am Kader vun der Renovatioun vun engem Eefamilljenhaus – wann Dir z. B. Ären ale Gaskessel ersetzt. Fir dës Aarbechte kritt Dir eng Primm vu 5.000 €, déi mat anere Mesure wéi dem fonds nova naturstroum an deem neie Klimabonus vum Staat (fréier PRIMe House) cumuléiert ka ginn.

An dësem Beispill kann de globale Betrag vu Subventiounen iwwer 10.000 € goen, wann d’Wäermepompel eng méi wéi 10 Joer al Anlag mat fossiller Energie ersetzt.

En enoprimes-Bonus „Austausch Mazout“ vu 500 € kënnt dobäi, wann d’Wäermepompel en ale Mazoutskessel ersetzt.

Wéi kann ee vun enoprimes profitéieren? Dat ass ganz einfach: Déi zougeloossen enoprimes-Partner stellen d’Ënnerlage fir Iech zesummen. Dir musst da just nach den Devis ënnerschreiwen. Opgepasst: Vergewëssert Iech, dass d’Demande fir d’Primm agereecht gëtt, ier Dir den Optrag fir d’Aarbechte gitt. enoprimes engagéiert sech vu senger Säit, Iech d’Subventioun bannent véier Wochen no der Validatioun vum Dossier ze iwwerweisen. De Montant vun der Subventioun hänkt vun deenen duerchgefouerten Aarbechten of: Wat méi Energie gespuert gëtt, wat d’Primm méi héich ass!

Fir de Stéit zu Lëtzebuerg ze hëllefen, och ouni Renovatiounsaarbechten Energie ze spueren, verdeelt Enovos, mat sengem Energieeffizienz-Programm enoprimes, an Zesummenaarbecht mat de Lëtzebuerger Gemenge gratis Energie-Spuer-Kitten. Dodra sinn zwee waasserspuerend Opsätz fir de Krunn, en Duerchflossreegler fir d’Dusch, eng Duerchflossmiesser-Tut, eng Sandauer fir d’Dusch, dräi LED-Bieren, e Raumthermometer, e Rullo Isoléierdichtung fir Dieren a Fënstere souwéi e selbstklebenden Zugluftstopper. Mat dësem Kit kënnt Dir all Joer bis zu 59 m3 Waasser, 3.706 kWh Energie an 329 kg CO2 spueren.

Mir hunn all d’Méiglechkeet Energie ze spueren. Entdeckt déi beschten Tipps op lets-save-energy.lu

Op simulateur.enoprimes.lu kënnt Dir déi Primm simuléieren, déi Iech zousteet, a mat den Aarbechten ufänken.

All Informatiounen op enoprimes.lu