An en Hotel investéieren, ee Konzept mat vill Virdeeler

Dëst Konzept kënnt vun den USA. An de 50er Joren, hu grouss Hotelsketten wéi Hilton / Marriott, de Verkaf vun hiren Zëmmeren proposéiert.
D'ass een exklusiivt Konzept um Lëtzebuerger Marché. D’Partikularitéit vun dësem Projet ass, dass d’Hotelszëmmeren als Investissementsproduit verkaf ginn.
Momentan, baue mir dëst touristescht Konzept zu Wäiswampech um Séi. “Anatura Lëtzebuerg” wäert ee 4 Stären Hotel mat Spa & Wellness am Häerz vun der Natur sinn. Säit méi wéi 40 Joer ass d’ Grupp am Bausecteur, am Immobilien an am Tourismussecteur spezialiséiert.
D’Grupp huet scho verschidde Projeten a Frankräich an an der Belsche realiséiert. Dëst Konzept hunn mir och an der Belsche an eisem 4* Ressort um Lac de l’eau d’heure agefouert. D‘Grupp Lamy baut den Hotel, verkeeft d’Zëmmeren un d’Investisseuren”, an verséchert dem Proprietär vun do un d’Gestioun vum Etablissement, soudass ëmmer ee Profit entsteet.

D’Virdeeler vun engem Hotel „Investissement“
Dës Investissementer hunn net nëmmen steierlech Virdeeler. Wichteg ass och éischtens, dass Dir, wéi bei engem Immobiliëkaf volle Proprietär sidd. Dat heescht, Dir diversifizéiert Äre Patrimoine. D’Zëmmer gehéiert Iech!
Vue dass et sech ëm een Immobiliëproduit handelt, gëtt de Loyer steierflichteg. An dee Punkt ass ganz wichteg, duerch den Accord mat dem Lëtzebuerger Steieramt, och Rulling genannt, kann är Acquisitioun op 5% ob onbegrenzter Dauer amortiséiert ginn.
Dat am Géigenzuch zu enger klassescher Immobilie, déi dir nëmmen wärend deenen éischten 5 Joer amortiséiere kennt.
Zweetens, Dier musst Iech ëm näischt këmmeren. D’Gestioun vum Grupp Lamy bekëmmert sech dorëms. Dir ënnerschreift ee Kontrakt mat Lamy a mir geréieren Äert Zëmmer. An um Enn vum Joer profitéiert Dir vun Äre revenus locatifs. Dee Profit hänkt vum Occupatiounstaux vum Hotel a vum Präis pro Nuecht of.
Drëttens, en plus vun Ärem Joers Profit, dee wierklech interessant ass, hutt Dir d'Méiglechkeet, 15 Deeg am Joer zu engem gënschtegen Präis vun Ärem Zëmmer ze profitéieren.
Een Hotelszëmmer ze kafen ass eng eenzegaarteg Occasioun ee sécheren Investissement ze maachen, deen sech lount. De Kapital ass ëmmer garantéiert, ouni sech mussen em de Loyer vum Locataire ze këmmeren.

Erfarung vum Grupp Lamy fir dëst Investissement
Dee Profit hänkt vum Occupatiounstaux vum Hotel a vum Präis pro Nuecht of. Fir dëst ze versécheren, huet d’Grupp Lamy puer Aktivitéiten fir gesinn fir den Occupatiounstaux ze verstäerken.
Scho säit 40 Joer verséchert d'Lamy Grupp d'Locatiouns Gestioun vum touristeschen Etablissement.
Dës Erfarung, kombinéiert mat den Touristenattraktiounen vum Norden a mat den Infrastrukture vum Hotel, ënner anerem de Spa a Wellness an de Seminaire Sall, gëtt eis d'Méiglechkeet Opmierksamkeet vun engem diversifiéierte Public, sou wéi dem MICE ze kréien.
D’Ouverture ass fir gesinn fir den Wanter 2023
D'Konstruktioun leeft a kënnt gutt virun. Et ass virgesinn, fir d'nächst Joer am Wanter.
Wann Dir un dësem Hotelsprojet interesséiert sidd, invitéiere mir Iech eis ze kontaktéieren fir eng Visitt vum Chantier ze maachen. Esou kennt Dir Iech eise flotte Projet mat
Weider Informatiounen vu Lamy Group: Lamy Property