Lëtzebuerg ass en Immigratiounsland an eist Immigratiounsgesetz reegelt d'Immigratioun. Allerdéngs méi schlecht, ewéi recht...

2022 huet den Immigratiounsministère ronn 43.500 Openthaltsdossiere beaarbecht, dovunner eng 19.000 fir Net-EU-Bierger. Eng impressionnant Zuel, ëmsou méi, well d'Ufroe vu Flüchtlingen do net mat aberechent sinn.

Carte Blanche vum Laura Zuccoli

Déi fräi Zirkulatioun vun den Aarbechtskräfte gëllt an der EU bekanntlech nëmme fir EU-Bierger. Si kënne schaffe wou se wëllen an dat ouni extra Erlabnis. Dofir sinn hir Openthalts.ufroe relativ einfach ze beaarbechten. Mä wéi ass et fir Net-EU-Bierger? Et kommen der ëmmer méi op Lëtzebuerg, ronn 9000 vun hinne kruten 2022 eng éischt Openthaltsgeneemegung.

D‘Immigratiounsgesetz gesäit mindestens 16 verschidden Openthaltsautorisatioune fir Net-EU-Bierger vir - vum Aarbechter iwwer den héich Qualifizéierten, bis bei de Chercheur oder de Student, mat oder ouni Familljenzesummeféierung. Eng Hellewull vu Méiglechkeeten, all Kéiers gebonnen un aner Krittären, wouduerch all Demande e komplexen Eenzelfall gëtt an et immens schwéier ass, sech als Net-Jurist erëmzefannen.

Et gëtt Relocation-Déngschter, déi oft am Optrag vu grousse Firmen a fir deier Geld Openthaltsdemarche féieren. Net-EU-Migranten oder Patronen, déi sech dat net leeschte kënnen, hu Pech. Wuel gëtt et Ulafstellen, mee d'SozialaarbechterInnen hu mat de villen administrative Paperassen an de komplizéierten Demarche selwer Problemer, d'Iwwersiicht ze behalen.

Déi komplex a verwurrelt Prozedure an déi komplizéierten Oplage vun eisem Immigratiounsgesetz sinn en eenzege Leidenswee. Dobäi kënnt, datt ee säit dem Covid net méi perséinlech an d'Informatiounsstell um Immigratiounsministère goen dierf. D'Äntwerten iwwer Telefon daueren eng Éiwegkeet an déi iwwer Mail sinn an engem juristesche Jargon formuléiert, wou déi mannste Betraffe verstinn, wat se konkret musse maachen.

Jee no Hierkonftsland sinn d'Reegelen dann och nach anescht. Ee Beispill ënner villen: Immigranten aus Guinée Bissau, Togo, Gambia oder Senegal kënnen eng Familljenzesummeféierung nëmme vun Dakar aus ufroen. Dir kennt iech jo eleng dofir de Käschtepunkt virstellen.

Wann de Partner vun engem Net-EU-Bierger dann endlech seng Openthaltspabeiere krut, kann en trotzdeem net einfach schaffe goen. Hien brauch nämlech dann nach en Aarbechtspermis - alt nach eng komplizéiert a laangwiereg Demande, déi vill Patronen ofschreckt. Eng Ännerung vum Gesetz soll kommen - mee wéini?

Ënner enger generéiser a guttwëlleger Immigratiounspolitik wéi de Minister dëse Kräizwee oft bezeechent, stellen ech mer eppes anescht vir. Bei 43.500 Openthaltsdossiere vu Migrante pro Joer misste Moyens am Immigratiounsministär verbessert ginn. An eisem Land, wou permanent a verzweiwelt no Aarbechtskräfte gesicht gëtt, ass Vereinfachung vum Immigratiounsgesetz onëmgänglech - am Interêt vun de Betraffenen, mee och vun eiser Ekonomie.