
Beim Bertolt Brecht sengem Theaterstéck “Leben des Galilei “gëtt eng Fro gestallt, déi op den éischte Bléck einfach kléngt: Dréint dat Grousst sech ëm dat Klengt oder dat Klengt ëm dat Grousst?
De Galilei denkt un d’Himmelskierper. Seng Haushälterin, d’Fra Sarti, gesäit dat méi praktesch: Si bréngt him d’Iessen, net ëmgedréint. Hien huet d’Suen, si mécht d’Aarbecht. Aus enger astronomescher Fro gëtt eng Fro no Muecht: Wien ass de Mëttelpunkt a wien huet d’Muecht, dat ze bestëmmen?
Déi Fro stellt sech een och am Hierscht 2027, also an ongeféier engem Joer am Norde vun Land. Wann d’Bierger vun Dikrech, Ettelbréck, Ierpeldeng a Schieren iwwer eng méiglech Gemengefusioun ofstëmmen. Ginn déi méi kleng Gemengen zu Satellitte vun den zwou méi grousse Stied? Ëmmerhin stellen déi zwou méi grouss Gemengen aktuell zesumme bal véier Fënneftel vun den Awunner.
Gläichzäiteg ass et och ee Paradox: Bei enger Fusioun géifen och Dikrech an Ettelbréck als politesch selbstänneg Gemengen ophalen ze existéieren. Hir Uertschaften, hir Geschicht an hir Traditioune verschwannen natierlech net. An awer: ass eng Stad nach déi selwecht, wa si net méi selwer politesch decidéiert?
Ech verstinn, firwat dat Suerge mécht. Eng Gemeng ass jo méi wéi eng Verwaltung. Si ass och e Stéck Heemecht, , mat senger Geschicht, senge Veräiner, senge Gewunnechten an heiansdo och senge klenge Rivalitéiten. Am Biergergutachten vun 2020 koumen d’Ängscht virum Verloscht vun der lokaler Identitéit an dem politeschen Afloss kloer zum Ausdrock.
Fir d’Perspektiv nach emol ze wiesselen. Aus nationaler Siicht ass och eng vereenegt Nordstad mat ronn 23.000 Awunner éischter kleng. A grad dofir ass hir Roll als drëtten nationalen Entwécklungspol esou wichteg: Well Lëtzebuerg kann op Dauer net alles op seng Haaptstad an de Süden ausriichten. Mir brauchen och am Norde Plazen, wou geschafft, gewunnt, studéiert, gedanzt a gesongen, kuerz gelieft gëtt. Eng méi ausgeglachen Entwécklung vum Land ass schliisslech och eng Fro vu Gerechtegkeet.
Dës Roll ass an der Landesplanung scho virgesinn, och ouni Fusioun. Eng Fusioun ass also net d'Viraussetzung, mee kéint en Instrument sinn, fir dës Roll besser ze erfëllen.
Hei kënnt de Management an d’Spill. Gudde Management heescht net just, Sue spueren an effizient verwalten. Et heescht, Prioritéite setzen, Interessen ofweien a Verantwortung ze iwwerhuelen. Eng gemeinsam Schwämm ka wirtschaftlech sënnvoll sinn. Mee wou steet se? Wéi kënnt een dohinner? Effizienz eleng ass nach keng Gerechtegkeet. An eng Excel-Tabell kann eis déi Fro net beäntweren.
Dofir ass de Subsidiaritéitsprinzip esou wäertvoll: Wat lokal gutt decidéiert ka ginn, soll lokal bleiwen. Wat eng Uertschaft oder Gemeng iwwerfuerdert, soll gemeinsam organiséiert ginn. Déi schwéier Fro ass: Wien decidéiert, wou déi Grenz läit?
Am Hierscht d'nächst Joer geet et also ëm méi wéi eng nei Gemengekaart, finanziell Virdeeler oder grouss Infrastrukturprojeten. Et geet och ëm d'Fro, wéi eng Zort Gemeinschaft mir an Zukunft wëlle sinn. Beim Brecht sengem Galiliei gëllen Naturgesetzer. An der Politik bestëmme mir selwer, wat am Mëttelpunkt steet. An an enger Demokratie sollten dat weder déi grouss, nach déi kleng Gemenge sinn, mee d'Bierger.
Well um Enn vum Dag ass eng Nordstad wierklech gelongen, wann net méi stänneg an ale Kategorien a Gemengegrenze geduecht gëtt – ouni natierlech ze vergiessen, wat virdru war.