Carte blanche vum Françoise HettoHandyverbuet: Wisou eigentlech just an de Schoulen?

Françoise Hetto
Zanter engem Joer ongeféier gëllt hei am Land den Handyverbuet an de Schoule wärend dem Cours. An eisen Nopeschlänner ginn et deels esou guer nach méi strikt Reegelen. Do gëllt zum Beispill de Verbuet och wärend de Pausen. U sech alles in allem eng gutt Saach. Mee ass den Handy wierklech de Probleem, oder sinn et d’Mënsche selwer, well se net wëssen, richteg dermadder ëmzegoen?
© RTL

D’Elteren un éischter Stell, well si ganz dacks ee ganz schlecht Beispill ofginn. Eltere sinn a bleiwen nun awer de Kanner hir Virbiller an d‘Kanner maache soss näischt, ewéi si ze kopéieren.

Carte blanche vum Françoise Hetto (16.11.26)

Den Handy ass eppes ewéi eng onsiichtbar Mauer, déi tëscht de Leit opgeriicht ass. Tëscht den Elteren an hire Kanner, tëscht de Partner, tëscht Aarbechtskolleegen.

Zwar ass ee physesch beieneen, mee mental ass ee wäit fort. Soulaang een den Handy am Grapp huet, handelt et sech just em eng Illusioun vum Beienee sinn.

Dobäi ginn d‘Gespréicher permanent ënnerbrach duerch Signaler vu Messagen, déi erakommen, wat derzou féiert, dass d’Gespréich just flaach ass a bleift. Et gëtt keng déifgrënneg Gespréicher an et lauschtert een deem aneren just mat engem hallwen Ouer no.

Esou wuel tëscht Elteren an hirem Kand, wéi tëscht de Partner kann dat permanent Stuerken op den Handy eng Bezéiung futti maachen. Schläichend. An dat huet esou guer ee wëssenschaftleche Numm. Phubbing (phone a snubbing): also den Handy benotzen an dowéinst säi vis à vis ignoréieren a vernoléissegen.

Dëse Phänomen vum phubbing ass besonnesch tëscht Elteren a Kanner schro, well e schrecklech Konsequenzen huet.

An der Psychologie schwätzt ee vu still face effect. En Elterendeel, deen ophält, op säi Kand ze reagéieren an deem säit Gesiicht wéi e Mask ausgesäit, ouni Emotioun an Ausdrock, léist beim Kand eng uerg Reaktioun aus: am Ufank versicht d’Kand nach, der Mamm oder dem Papp seng Opmierksamkeet zréckzegewannen, mee wann dat net klappt, da kräischt et, fillt sech verlooss a geréit an eng richteg Stresssituatioun. A wat léiert d’Kand dorausser: ma dass seng Signaler, déi et äussert, keng Wierkung hunn, mat der Konsequenz, dass säin Urvertraue veronséchert gëtt, dass Bindungsängschten entstinn.

Et ass gewosst, dass de Bléckkontakt d’Fundament fir dem Kand seng spéider Sproochentwécklung bilt. De feelende Bléckkontakt wäert deemno zu enger Verzögerung vun der Sproochentwécklung beim Kand féieren.

Bei feelendem Bléckkontakt mat der Bezuchspersoun zéien d’Kanner sech zréck. Iergendwann hale se op, Interaktioun ze sichen, ganz einfach fir Frustratioun ze evitéieren. Doduerch geréit dem Kand seng gesond sozio-emotional Entwécklung a Gefor.

Kanner, deenen hir Elteren net op sinn, net op hir Signaler reagéieren, leiden. Dee selwechten Effet wéi de still face huet d’Kucken op den Handy, amplaz op d‘Kand. Den Erwuessene vermëttelt dem Kand: dat, wat hei um Handy passéiert, ass méi wichteg ewéi s du. D‘Konsequenze sinn déi selwecht wéi beim still face effect.

An dëse Message vermëttelt deejéinegen, dee sech net vum Handy lassrappe kann, och doheem an der Koppel, an der Famill.

Fazit: den Handy ass ee Killer. E Liebeskiller, e Bezéiungskiller. E Stressfaktor.

Dofir sollt ee mol versichen, doheem handyfräi Zonen ze definéieren, dem vis à vis richteg nozelauschteren an esouguer Zäitzonen ze definéieren, wou den Handy net ugepaakt gëtt. Sou ganz niewebäi deet et och einfach nëmme gutt, net permanent mussen erreechbar ze sinn, an ze mengen, op all Pling mussen ze reagéieren.

An deem Sënn: Handyverbuet an de Schoulen d’accord, mee komm mer ginn de Message och un d’Elteren a Famill weider, dass een adequaten Ëmgank dermadder och doheem muss stattfannen. Et ass eng Saach vu Respekt vum Géinteniwwer.

Back to Top
CIM LOGO