Carte blanche vum Sylvain HoffmannWien dréit d’Käschte vun de Steiererliichterungen?

Sylvain Hoffmann
Am Kontext vun der Steierreform, déi 2028 eng eenheetlech Steierklass aféiert an elo virun der Allerhellegevakanz gestëmmt gouf, ass vill iwwer d’Fro diskutéiert ginn, wéi se géigefinanzéiert gëtt oder misst ginn. Déi Diskussioune si berechtegt, mussen awer och op aner geplangte steierlech Mesuren ausgedeent ginn, sou de Sylvain Hoffmann, Direkter vun der Chambre des salariés.
© RTL Grafik

Dës Steierreform ass eng Upassung u vill Liewenssituatioune vun haut. Si verhënnert, datt ee steierlech bestrooft gëtt, wann déi familiär Situatioun sech ännert. Si bréngt och eng Entlaaschtung fir vill Steierzueler aus den niddregen a mëttleren Akommesschichte mat sech. Dat ass gutt esou. Si bréngt awer insgesamt net méi Steiergerechtegkeet, well och déi héich Léin staark entlaascht ginn a well Kapitalerträg nach ëmmer net seriö besteiert ginn.

Carte blanche vum Sylvain Hoffmann

Dat ass net gutt esou, an hei hätt ee missen usetzen, fir d’Reform zum Deel géigenzefinanzéieren a gläichzäiteg méi Steiergerechtegkeet ze schafen. Eng verpasste Chance also. Mee méi Steiergerechtegkeet ass vun dëser Regierung, wéi et schéngt, net gewollt.

Nach ass et sou, datt net jidderee vun der Reform profitéiert: Et sinn nämlech d’Menagen, déi d’Reform zum Deel selwer finanzéieren, awer net onbedéngt déi mat den héijen Akommes. D’Menagen aus der Steierklass 1a, also notamment déi Elengerzéiend an eeler Leit, déi eleng liewen, gi weiderhi genee esou besteiert wéi bis elo.

Déi bestuete Koppelen, déi duerch den neie Barème normalerweis méi Steiere misste bezuelen, bleiwen an enger Iwwergangsperiod am aktuelle System a ginn domat och genee esou besteiert wéi bis elo.

Déi zwou Kategorië vu Leit, déi insgesamt ronn een Drëttel vun de Menagen ausmaachen, sinn u sech Verléierer bei dëser Reform. D’Reform gëtt nämlech doduerch finanzéiert, datt hire Barème bis 2028 net integral un d’Inflatioun ugepasst gëtt. Duerch déi kal Progressioun bréngt dat verstoppte Steiererhéijunge fir dës Leit mat sech.

No der Reform soll de Barème dann eréischt no véier bis fënnef Joer nees eng Kéier ugepasst ginn. Wärend där Zäit wäerten duerch d’Akommessteier d’Suen an der Staatskeess spruddelen. Esou gëtt d’Reform also zum Deel géigefinanzéiert, awer leider net op eng gerecht Aart a Weis.

Bei de geplangte Baissë bei der Betribsbesteierung gëtt par konter iwwerhaapt net iwwer d’Géigefinanzéierung geschwat. Datt déi wirtschaftlech eppes bréngen, funktionéiert just an iergendwellechen neoliberalen Theorien, ass awer empiresch net beluecht.

Den onlimitéierte Report vu Perten, fir manner Steieren ze bezuelen, bei deem een iwwregens net genee weess, wat e kascht; weider Bonifikatioune fir Investissementer, bei deene bis haut nach ni seriö evaluéiert ginn ass, wat se bréngen; an natierlech eng weider Baisse vum Taux vun der Betribsbesteierung: Dat sinn dräi Mesuren, déi insgesamt warscheinlech e puer honnert Milliounen Euro kaschten.

Zousätzlech ginn, am stillen Kämmerlein, ëmmer méi Milliounen an d’Mutualité des employeurs gepompelt, wat och eng verstoppte Subventioun fir d’Betriber ass. A wie bezilt?

1998 sinn duerch d’Steieren op de Gewënner vun de Betriber nach genee esou vill Suen an de Staatsbeidel komm wéi duerch d’Lounsteier. 2025 nach just d‘Hallschent, an dat, obwuel d’Léin net méi séier geklomme si wéi d’Benefisser. Manifestement sinn déi permanent Baissë vun der Betribsbesteierung an de leschten 30 Joer net géigefinanzéiert ginn.

Back to Top
CIM LOGO