Carte blanche vum Robert WeberEch maache mir dës Welt, ewéi se mir gefält!

Robert Weber
Diktatoren an den USA, a Russland, an den Arabesche Staaten, an … an an der Wirtschaft fäerten. No de Walen an den USA brécht eng nei Ära un. Et war keng Revolutioun, et war e friddlechen Tsunami. Dat ënnerdréckte Vollek huet gesprach. D’Ironie vun der Geschicht: Deen, deen eigentlech Amerika erëm grouss maache wollt, huet materlieft ewéi Amerika sech selwer erëm grouss gemaach huet. Deen, deen dem Establishment un den Hals goe wollt, deem ass d’Jugend, déi kommend Generatioun un den Hals gaangen. Awer déi "Grouss" hunn et nach net net definitiv verstanen an dofir muss den Tsunami weider goen.
© RTL

Et misst alles eng Affär vum Ausgläich sinn. Jo déi eng sinn iwwerzeegte Kapitalisten an déi aner sinn iwwerzeegte Sozialmënschen. Jo, déi eng ginn de Mënsche Fräiheet, déi aner Terror, déi eng beute Mënsche reegelrecht aus an déi aner sécheren hiert Iwwerliewen. Si all brauchen awer letztendlech de Mënsch.

Du kanns esou vill Geld verdénge wéis de wëlls, ouni de Mënsch geet näischt. Du kanns esou vill investéiere wéis de wëlls, ouni de Mënsch leeft näischt.

De Poopst Jean-Pol II huet vum Virrang vum Mënsch geschwat.

Et steet also hannert Alles eng Moral. Dat mënschlecht Wiesen ass dat Wichtegst!

No Millioune vu Joren, no enger grousser onmënschlecher Evolutioun ass dës Erkenntnis haut dat Gréisst wat de Mënsch jee erduecht huet.

An Europa hu mer der Politik vun der Onmënschlechkeet, vun der Onmoral de Réck gekéiert. Jo, mir waren an der Vergaangenheet och net besser. An och haut ass nach villes net perfekt, awer mir sinn um richtege Wee. D'Europäesch Unioun wëllt Liewe schützen. Mir wëlle Liewe liewenswäert maachen. Dofir brauche mer Toleranz, Respekt a Fridden. Mir brauchen awer och Solidaritéit mat de Schwaachen. A well des Wäerter net zum Nulltarif ze kréie sinn, brauche mer och Subsidiaritéit. Well de Staat net eleng alles léise kann, brauche mer och e Beitrag vun eis selwer fir eis.

Matmënschen. Dat ass dann dat Allgemengwuel. Eise Staat, eis Gemengen, eis Dierfer si mir alleguerten. Eis Ëmwelt si mir alleguerten. Eis Matwelt si mir alleguerten.

Mir hunn op eisem Kontinent alles kannt: Honger, Streit, Revolutiounen, Liberalismus, Reliounen, Fanatismus, Diktaturen, Kommunismus, Sozialismus, Anarchisten, Faschisten jo rezent esou guer Nationalsozialismus ….an duerno Fridden.

Haut herrscht virun allem Demokratie. Si ass fir de Mënsch do. Si soll Hoffnung a Perspektiv bidden. Si soll Virbild sinn. Si muss sech awer och virun entwéckelen.

Si entwéckelt sech awer nëmmen, wa mir Mënschen eis och entwéckelen, nämlech ewech vum der Onmënschlechkeet, hin zu Verantwortung.

Näischt fält eis vum Himmel, mir mussen et maachen, mir mussen eis asetzen. Eist Liewen, eist Iwwerliewe verlaangen dat.

Bequeemlechkeet ass eisen Ënnergang. Och dat léiert Geschicht eis!

Mir brauche keng Léiere vun Amerikaner, déi keng Geschicht hunn a kennen, déi net wëssen, wat Moral ass, déi ni eng Kultur haten an hunn. Déi nëmmen d’Spill vum schnelle Geld kennen an deenen hir Matmënschen egal sinn. Wierder wéi Solidaritéit, Subsidiaritéit an Allgemengwuel sinn Trumpiste friem.

Carte blanche vum Robert Weber

Back to Top
CIM LOGO