Et ass endlech souwäit. Fir vill Schüler an Schülerinnen, Studenten an Studentinnen ass Rentrée. An dëst Joer déi éischte Kéier och fir d’Infirmièren an Infirmieren op der Uni Lëtzebuerg. Eng Carte Blanche vum Anne-Marie Hanff.

Eng Carte Blanche vum Anne-Marie Hanff

Laang hu mir op de Moment gewaart! Méi wéi 25 Joer fir genau ze sinn!

Och de Philosophe a Wëssenschaftler Ronald Barnett huet sech an de 90er Joer domadder beschäftegt, wat eng Bildung op Héichschoulniveau ausmécht. Deemno soll se net nëmme Wësse vermëttelen, mee och de Studentinnen hëllefen, e Selbstverständnis a kritescht Denken - och iwwert d’Roll an der Gesellschaft - ze entwéckelen. Dobäi sinn d’Studentinne selwer den Acteur an d’Universitéit gëtt hinnen d’Moyenen, déi si brauchen fir sech ze entwéckelen.
Laut dem Ronald Barnett zielt d’Héichschoulbildung, dorobber of, dass si sech emanzipéieren a méi autonom handele kënnen.

D’Aféierung vum Bachelor fir d’Infirmièren ass dowéinst e Schlësselmoment mat ville Chancë fir d’Emanzipatioun vun den Infirmièren zu Lëtzebuerg:

Dës Ausbildung op Universitéitsniveau wäert hinnen hëllefen, innovativ Léisungen ze entwéckelen an d’Autonomie a d’Wäertschätzung stäerken. De Studium ënnerstëtzt si och d’Aart a Weis, wéi eppes gemaach gëtt, kritesch ze hannerfroen. Fir d’Infirmièresstudentinnen a spéider Infirmièren bedeit dëst, dass si Verbesserungspotential am Gesondheetssystem erkennen an hir Expertise och proaktiv kënnen a wëllen abréngen.

D’Aféierung vun engem Bachelor fir d’Infirmièrë bréngt och d’Chance, fir eise Gesondheetssystem an e widderstandsfäege System mat Fleegepersonal weider ze entwéckelen. Domadder kënne fréizäiteg Aussteiger aus dem Beruff reduzéiert ginn a méi Jonker fir de Beruff begeeschtert ginn.

Als Presidentin vum Beruffsverband vun den Infirmièren an Infirmieren zu Lëtzebuerg hunn ech folgende Message fir dës nei Generatioun:

Léif Studenten,

dir stitt um Ufank vun enger spannender an erausfuerderender Rees, déi Iech net nëmme fachlech, mee och perséinlech präge wäert.

Bleift virwëtzeg an oppen,
sidd gedëlleg mat Iech selwer an ärem Ëmfeld.

D’Bild vun der Infirmière op der Uni ass nei an et wäerte sécherlech och méi pauschal Reaktioune ginn ewéi: "D’Infirmière léiert net an de Bicher, mee um Patient.

Dësen neie Studium bedeit eng grouss Verännerung an ass mat Virfreed, mee och Onsécherheete verbonnen.

Et sinn och nach Infirmière selwer der Opfaassung, dass eng gutt Infirmière sech fir hir Aarbecht opfere soll:
"Schaff emol 10 Schichten hannereneen, da weess de, wat eng Infirmière ass"

Domadder begeeschtert een haut kee Jonke méi fir de Beruff an d’Aarbechtsgeber sinn amgaangen, Aarbechtsplazen ze schaffen, wou ee gäre schafft.

Mee dëst brauch Zäit an esou e Studium kann emotional erausfuerderend sinn. Sicht iech niert de Proffen op der Uni eng Virbildfunktioun um Terrain, déi Iech hëlleft, domadder ëmzegoen.

Et wäert net alles vun Ufank u perfekt sinn.

Feeler geschéien. Maacht dat bescht draus, andeems dir fachlech a perséinlech dorunner wuesst.

An erënnert Iech dorunner, dass dir iech fir ee vun den wichtegsten a sënnvollste Beruffer entscheet hutt. Dir kënnt houfreg sinn, elo Deel vun eiser Community ze sinn!