Wéi geet et de Mënschen, déi sech op eise Gesondheetssystem verloossen – besonnesch an Noutsituatiounen? D'Presidentin vum Beruffsverband vun den Infirmièren an Infirmieren deelt hir Gedanken zu engem Fall, dee vill Leit beréiert huet.

Carte Blanche vum Anne-Marie Hanff

Ech schwätzen haut als Presidentin vum Beruffsverband vun den Infirmièren an Infirmieren an als Enkelin a Schwéiesch am Numm vun de Mënschen, déi sech a kritesche Liewenslagen op eise Gesondheetssystem verloossen, an dat si besonnesch eis eeler Matbierger.

Den Erfarungsbericht, dee grad vill Leit an de sozialen Netzwierker beréiert, wërft e Liicht op grondleeënd Erausfuerderungen, déi d’Patienten an d’Gesondheetspersonal betreffen. Et geet ëm e 87 Joer ale Patient, dee stonnelaang eleng am Gang vun der Urgence huet misse verbréngen.

Fleeg ass e Beruff, dee ganz vill Empathie verlaangt, also sech an aner Mënschen eran ze fillen, hir Bedierfnisser wouerzehuelen an dorop anzegoen, an dëst ouni matzeleiden. Vill Leit entscheede sech grad dowéinst fir den Infirmiersberuff: Si wëllen net nëmme medezinesch versuergen, mee och mënschlech begleeden. Och eis Beruffsethik fuerdert, dass mir Mënschen, déi op eis ugewise sinn, mat Würd a Respekt begéinen an hinnen déi Fleeg ginn, déi si brauchen.

Grad an den Urgencë steet d‘Gesondheetspersonal virun der Erausfuerderung, trotz héijer Belaaschtung a Responsabilitéit, eng empathesch Betreiung ze erméiglechen. Ëmmer méi oft ass d’Gesondheetspersonal, wéinst Personalmangel a strukturellen Enkpäss, net an der Lag, dësen etheschen Uspréch gerecht ze ginn. Si erliewen eng sougenannt "Moral Injury", eng Verletzung vun hire moralesche Wäerter, well si gezwonge ginn, géint eben dës ze handelen.

D’Situatioun an den Urgencë beschäftegt Lëtzebuerg scho säit Laangem, dat heescht, säit Jore beméit sech d‘Gesondheetspersonal ëmmer erëm, trotz den erausfuerderende Konditiounen, empathesch ze bleiwen a sech ze këmmeren. Dëst féiert zu enger "Compassion Fatigue", dat heescht, enger déiwer emotionaler Erschëpfung. Si stompfen of a wéi am Erfarungsbericht komme selwer kleng Gester ewéi eng Decken, e Glas Waasser oder e berouegend Wuert ze kuerz.

Dat läit net onbedéngt um feelende Wellen, mä un dëser déif gräifender emotionaler Erschëpfung vun den eigentlech héich empathesche Leit. Si ass ee vun den Zeechen dofir, dass déi Membere vun eisem Gesondheetspersonal, déi de Beruff nach net verlooss hunn, scho laang iwwer hier Grenzen erausgaange sinn.

Grad a belaaschte Gesondheetssystemer ass dëst de Grond fir Burnout, also weider Personalausfäll, déi d’Situatioun verschäerfen an en Däiwelskrees schafen, deen net nëmmen d’Gesondheet vum Gesondheetspersonal selwer, mee och d’Qualitéit vun der Gesondheetsversuergung engem héijen Risiko aussetzt.

Loosst eis dowéinst dësen Erfarungsbericht als Weckruf gesinn. Loosst eis eis engagéieren a Mëssstänn oppen uschwätzen, net fir ze kloen, mee fir gemeinsam Léisungen ze fannen an anzefuerderen. Hei ka jidderee vun eiser Gesellschaft, och d’Gesondheetspersonal selwer, eppes dozou bäidroen. Nëmmen esou kënne mir e Gesondheetswiese schafen, dat Respekt, Würd an d‘Suerg fir enaner an de Mëttelpunkt stellt, fir dass Mënsche grad an de schwéierste Stonnen net eleng bleiwen, mee mat Respekt a Mënschlechkeet begleet ginn.

Literatur

  • Den Ethikkodex vum internationale Verband vun den Infirmièren an Infirmieren :
    Conseil International des Infirmières et Infirmiers (2021). Code déontologique du CII pour la profession infirmière révisé en 2021. URL : https://www.icn.ch/sites/default/files/2023-06/ICN_Code-of-Ethics_FR_WEB.pdf 

  • Weider Informatiounen zu "Moral Injury":
    International Council of Nurses (2023). New ICN position statement highlights safe staffing and health workforce safety as priority areas for patient safety. URL: https://www.icn.ch/news/new-icn-position-statement-highlights-safe-staffing-and-health-workforce-safety-priority-areas 

  • Weider Informatiounen zu "Compassion Fatigue":
    International Council of Nurses (2023). Recover to rebuild. Investing in the nursing workforce for health system effectiveness. URL : https://www.icn.ch/sites/default/files/2023-07/ICN_Recover-to-Rebuild_report_EN.pdf