Virun zwou Woche sot de Kardinol Jean-Claude Hollerich an der Sendung Background, falls d'Recht op Ofdreiwung an d'Verfassung agedroen géif, da wier een zu Lëtzebuerg net méi fräi, eng aner Meenung ze äusseren. Eis Demokratie hätt dann Zich vun engem totalitäre System ugeholl an et géif een déi, déi net d'Accord sinn, an de Rietsextremismus dreiwen. De Kardinol muss dréngend beichte goen, fënnt d'Michèle Sinner a sengem Commentaire. Dat well en onéierlech ass an Onwourechte verbreet.

Commentaire vum Michèle Sinner

Wann ech als Fra selwer iwwer mäi Kierper wëll decidéieren, verwandelt sech also an der Logik vum Kardinol iergendwou een aneren, deen dat zwar näischt ugeet, mee wëll matbestëmmen, an en Nazi. Oder de Pensiounssystem kippt. Abee, d’Accord alt, durch meine grosse Schuld, well wa mir Fraen et net sinn, da sinn et nees d’Auslänner an d’Schold. Ma beileiwen net déi Decideuren, déi Krich, Aarmut an Perspektivlosegkeet provozéieren. Wéi wann net justement vill Interruptions volontaires de grossesses – kuerz IVG - aus finanzieller Nout eraus decidéiert géifen.

Wann de Kardinol Hollerich wéinst sengen Aussoen am Background, herno net an d’Fegefeuer wëll, muss de Mann dréngend beichte goen. Well en onéierlech ass. Wann d’IVG als Recht oder Fräiheet an d’Verfassung kënnt, ma dann däerf hien ëmmer nach vu ganzem Häerzen soen, datt en dogéint ass. Schliisslech séchert déi nämmlecht Verfassung him seng Meenungsfräiheet, och dono. De Contraire ze behaapten, ass net wouer. Net all Frae wieren d’Accord, esou e weidere Virworf vum Kardinol, an et géif do eng Zwangsmeenung opgestülpt. Ma weder wäert iergendeng Fra gezwonge ginn, ofzedreiwen - dat war justement bei den Nazien esou - nach Ofdreiwung guttzeheeschen.

Spéitstens wéi de Kardinol sot, wie fréier virun dëser Entwécklung gewarnt hätt, wier bal "erschoss" ginn, konnt ee seng Aussoen net méi mat engem puere Glawen entschëllegen. Esou e violente Vocabulaire ass net onschëlleg, mee e bewosste Choix. Well et si méi dacks d’Ofdreiwungsgéigner, ënnert anerem an den USA, déi zu Gewalt gräifen, wéi Fraerechtlerinnen, déi sech fir d’IVG asetzen.

Amplaz Nächsteléift verbreet de Kardinol mat Hëllef vun Desinformatioun geziilt Zwietracht. Datt seng ganz Argumentatioun méi ewéi schäinhelleg ass, dofir liwwert d’Beispill Polen empiresch Beweiser. Do war et eben d’kathoulesch Kierch, déi vun den 90er Joren un dofir gekämpft huet, Ofdreiwungsrechter ze beschneiden. D’Rietspopulisten, déi d’demokratesch Institutiounen ausgehillegt hunn, an enk Relatioune mat der Kierch hunn, koumen am Fahrtwind dono un de Pouvoir.

Ma de Kardinol ass net deen eenzegen, deem d’Meta- an d’Physik duerchernee geréit, deen d’Realitéit verdréit oder se net matkritt. Den DP-Deputéierte Gérard Schockmel huet senge Kolleegen aus der Chamber dës Woch beim 100,7 eng Zort "Schwarmverhale" virgeworf. Si géifen ouni eege Meenung dem "Zeitgeist" nolafen. Dobäi weess jiddereen, deen déi lescht Joren net ënnert engem Stee souz an d’Walresultater verfollegt huet, datt riets- bis rietsextrem Politik iwwerall ronderëm eis voll am Zeitgeist ass. Fraerechter schützen? Not. so. much. Och dorëms geet et jo an der Initiativ vun déi Lénk: Datt ee sech eppes traut a sech der allgemenger Tendenz entgéintstellt. Härgott, erhéier eis.