
Ass et wierklech eng politesch Prioritéit, datt Mannerjäreger net méi an e Prisong fir Erwuessener kommen?
Eleng an den 10 éischte Méint vun dësem Joer huet d'Justiz 43 Mol decidéiert, datt e Mannerjäregen an de Prisong op Schraasseg muss.
Den Anti-Folter-Comité vum Europarot kritiséiert schonn zënter 33 Joer, datt dat am Grand-Duché iwwerhaapt méiglech ass an et gëtt jo och un enger Léisung geschafft.
D'Dany Rasqué hofft awer a sengem Commentaire just, datt déi net fir Päifenneijoerschdag ass.
Jo well Päifenneijoerschdag ass deen Dag, deen ni kënnt a wann ee kuckt, wat an deene leschten dräi Joerzéngte geschitt ass, kann een engem et net verdenken, datt ee mat enger gewësser Skepsis op déi nächst dräi kuckt.
Aktuell huet d'Justiz — ausser dem Prisong zu Schraasseg — eng eenzeg Méiglechkeet, wou se Mannerjäreger, déi mam Gesetz a Konflikt kommen, ka placéieren. Dat ass d'Unisec zu Dräibuer.
De Problem ass, datt et do just eng Dose Plaze gëtt an dat hannen a vir net duer geet.
Et ass déi Struktur, déi zënter dem 1. November 2017 a Betrib ass a wéi dat zu Lëtzebuerg Usus ass, war se du schonn ze kleng. Et hat jo awer och "e bëssen" gedauert, bis se fäerdeg war a konnt benotzt ginn.
D'Iddi vu sou enger gesécherter Struktur wéi der Unisec geet op 1992 zeréck.
Déi éischt Bauaarbechten hunn 2008 ugefaangen, dat Joer drop war de Spuetestéch an 2014 stoung se.
Se konnt just bis 2017 net benotzt ginn, well nach e Gesetz gefeelt huet an deem zum Beispill festgehalen ass no wéi enge Reegelen d'Unisec funktionéiert a wéi d'Rechter vun de Mannerjärege geschützt ginn.
Dee Gesetzprojet war zwar 2013 an der Chamber deposéiert ginn, mä du koumen déi virgezunne Walen an um Enn gouf e 4 Joer nom Depot gestëmmt.
Et geet eeben net alles esou séier, wéi ee sech dat virstellt. Ee Beispill ass de Gesetzprojet, deen de Jugendschutz an d'Jugendstrofrecht trennt an och virgesäit, datt Mannerjäreger nëmmen als allerlescht Méiglechkeet dierfen agespaart ginn an och just an engem Jugendprisong, net bei deenen Erwuessenen.
Déi deemoleg Justizministesch Sam Tanson hat deen Text am Abrëll 2022 deposéiert.
10 Méint méi spéit, no enger Entrevue mam Staatsrot, huet d'Regierung éischt Amendementer gemaach, du koum den Avis vum Staatsrot, et ware Walen, déi nei Regierung huet den Text nach emol geännert, de Staatsrot huet en Zousazavis musse schreiwen an dee läit zënter dem Juli dëst Joer um Dësch.
Et sinn elo just nach e puer formell Oppositiounen dran. Dat bedeit, datt en elo just nach eng Kéier séier vun der Regierung muss iwwerschafft ginn an da kann en iergendwann gestëmmt ginn.
Allerdéngs sinn am Oktober 2028 erëm Walen a wann dat bis dohinner net geschitt ass, kann een net ausschléissen, datt déi nächst Regierung en och nach eng Kéier iwwerschafft.
Mä och wann d'Gesetz muer géif gestëmmt ginn, misste Kanner a Jonker trotzdeem nach op Schraasseg, well dee Prisong fir Mannerjäreger, deen hu mer jo nach net. Dee kënnt op Dräibuer, wou elo d'Unisec ass.
Bis 2031 sollen et 30 Plaze ginn, mä dat wier "schonn" a 5 Joer. Da misst et elo fir eis Verhältnisser awer relativ séier goen.
Ëmmerhin am Abrëll krut de Prisong, deen et nach net gëtt, retroaktiv op den 1. Dezember zejoert en Direkter. Deen ass fir 7 Joer genannt an huet ouni Zweiwel och Aarbecht. Déi spannend Fro ass just ob hien och nach Direkter ass, wann de Prisong bis opgeet.
Wann ee kuckt, wéi laang et gedauert huet, bis d'Unisec a Betrib geholl gouf, ass d'Äntwert net sou evident – mä zum Gléck kann ee sou e Mandat jo och verlängeren.
Um Enn nach eng Fro ganz ouni Ironie.
Ass et wierklech eng politesch Prioritéit, datt Mannerjäreger net méi an e Prisong fir Erwuessener kommen?
Jo, jo, de Sonndesrieden no schonn, mä de Pabeier, op deen déi geschriwwe ginn ass gedëlleg an déi, déi se schreiwen, sinn och alt emol kreativ.
Vläicht liwweren dofir d'Resultater aus deene leschten dräi Joerzéngten déi éierlechst Äntwert.