
Och en Dënschdeg ass nees en Dag vu rosener Mobiliséierung a Frankräich — engem Land wou dës Maniffen zanter 2 Méint lo quasi zum alldeegleche Bild gehéieren. Trotz enger decidéierter Hausse vum SMIC wëll d'Inter-Syndicale den Drock op d'Regierung héich halen. Och an anere Länner ginn déi Jonk op d'Stroossen a manifestéiere géint d'Konditiounen an hire Schoulen, grad wéi géint d'héich Logements- a Liewenskäschten. Dobäi komme Kricher, Zukunftsängschten an e spierbaren Drock duerch e Cyberkrich, dee seng Spueren hannerléisst, och hei am Land, seet de Roy Grotz a sengem Commentaire.
Woubäi mer an eisem konsensorientéierte Grand-Duché jo wierklech net direkt d'déck Trommen eraushuelen, fir drop ze schloen, well et eis jo awer u sech gutt geet — an awer mierke mer an alle Beräicher, datt mer vill méi fragil, vulnerabel an ugräifbar sinn, wéi mer mengen.
D'Cyber-Attacken op d'Frigoen an de Supermarchéë schwätze genee esou eng kloer Sprooch wéi d'Dronen, déi bei Fluchhäfe gesi goufen. Mir sinn enger permanenter latenter Angscht ausgesat, fillen eis ausgeliwwert a wëssen net méi wou Sécherheet fannen.
D'franséisch Autoritéiten hu mam Iran e Schëllege fir dës aggressiv Frigo-Attacken ausgemaach, déi dem Ausseminister Barrot no "sans précédent" waren.
A genee wéi wärend der Corona-Pandemie mat Lockdown-Perioden an anere restriktive Methoden, déi d'Fräiheete vu jiddwerengem beschnidden hunn, sinn et nees d'Parteien un de Borde vum Polit-Spektrum, déi vun der Onsécherheet profitéieren a mat hire Leegner-Querdenker-Fantasië wéi falsch Illusionisten optrieden, fir d'Leit op hir Säit ze zéien. Deen Trick huet an alle Joerhonnerte fonctionéiert a wäert och dës Period iwwerdaueren.
Déi Jonk sinn et, déi de Misär am meeschten ze spiere kréien an et ass dat wat d'Gen-Z wëll ausdrécken wa si net sëtze bleift an alles hinhëlt mee opsteet an op hir Situatioun hiweist. Dat ass gutt, dat ass gelieften Demokratie, an dat muss d'Politik eescht huelen an net mat Casseuren a soss Radikale vermëschen an d'Lach vun de Jugendlechen einfach denigréieren a kleng rieden.
Schappesch an hypokrit ass et dann, wa sech eng Jugendpartei, wéi déi jonk Liberal aus dem Solidaritéits-Cortège vum Logements-Kris-Kollektiv léissen an drop verweisen, datt eng éischt Aktioun net vill Succès hat an een duerfir lo mol léiwer doheem bleift. Domat leeschten déi jonk blo Delfinen hirem Minister keen Déngscht wëll de Claude Meisch duerchaus d'Situatioun vun der Kris erkannt huet, mee lo vu senge jonke Matpolitiker am Ree stoe gelooss gëtt. Tjo, dat ass liberal Wuelfill-Politik — do passt kee Logements-Kris-Event Freides owes zur beschter After-Work-Zäit an den Agenda vun der faarweger Work-Life-Selfie-Social-Media-Agenda.
Et sief e weidert Beispill vun Desolidariséierung a wéi eenzel Leit sech selwer am nooste sinn amplaz mam gudde Beispill fir ze goen a fir eng gemeinsam Cause an ze stoen.
Wëll et ass genee dat, wat d'iwwerhëtzt Frigoen, déi tonneweis verduerwe Liewensmëttel, wéinst Bommen-Menacen ëmgeleet Fligeren, d'Attacken op Serveure vun Unien oder och rezent op d'Frigoe vu gekillte Blutt-Donnée-Reserven a Frankräich eis wëlle soen: Dir sidd ugräifbar, ëmmer an iwwerall, wëll der iech komplett ofhängeg gemaach hutt an d'eegent Denken, Defense vun d'Resilienz enger AI an der interconnectéierter Technik iwwerlooss hutt.
Aus alldeeglecher Selbstverständlechkeet an dem Floribus gëtt op emol eng Gefor an eng Verletzlechkeet. Mir sollten eis deem bewosst sinn a stellen, selwer eist Denken an Handelen nees iwwerhuelen an net Maschinnen iwwerloossen. Gesonde Mënscheverstand heescht dat, mee dee muss Jonken och virgelieft an enseignéiert ginn. Demokratie liewen, gestalten a fir seng Rechter op d'Strooss goen: Dat gehéiert dozou an net nëmmen d'sozial Medie mat kannerege Kazen- a Muppen-Filmercher ze fidderen.
Mir mussen nees léieren eisen Alldag ze protegéieren an eis net weider ofhängeg maache vun der konsumorientéierter Meenung zu all Moment alles kënnen ze hunn an dierfen ze maachen.
Et ass genee dee Message deen och op der COP31 zu Antalya soll a Musek ëmgesat ginn, well doru ginn d'dichteg politesch Decideure gemooss. En Echec wäert eis all eng deier, eng ganz deier Rechnung hannerloossen, well da war de Schweessummer nëmmen den Ufank vun deem wat eis nach blitt.
"Tous Dieu, mais les maîtres sont ailleurs". Dee Saz op enger Skizz vum Designer an Architekt Philippe Starck seet alles. Mir fillen eis sou staark, a gutt, a perfekt mee u sech sollte mer bescheide kucke wat mer an eisem Ëmfeld kënne maache fir de Generatiounen, déi nach wëllen op dëser immenser Welt liewe, se och hallefweegs convenabel an er-liewenswäert z'iwwerloossen.