Commentaire vum Claudia KollwelterDiabeetes ass net gläich Diabeetes

Claudia Kollwelter
De 14. November ass Weltdiabeetesdag. All Joer ginn et an deem Kader Campagnen an Aktioune fir iwwert Diabeetes opzeklären. D'Claudia Kollwelter, wat selwer vun der Krankheet betraff ass, wëll a sengem Commentaire mat e puer Virurteeler opraumen.
© RTL

D'Claudia Kollwelter, wat selwer vun der Krankheet betraff ass, well a sengem Commentaire mat e puer Virurteeler opraumen.

Bal 590 Millioune Leit liewe weltwäit mat Diabeetes. Nëmme ronn 10 Prozent dovunner hunn Typ-1-Diabeetes.

Typ 1 kritt een net, well een ze vill Zocker giess huet. Et ass och keng Konsequenz vun Iwwergewiicht, net genuch Beweegung oder engem ongesonde Liewensstil. An et ass net dat nämmlecht wéi Typ 2.

Diabeetes ass net gläich Diabeetes!

Ech liewe selwer zanter bal 30 Joer mat Typ 1, enger Autoimmunkrankheet bei där den Immunsystem d'Zellen an der Bauchspeicheldrüs zerstéiert, déi Insulin produzéieren. Dat heescht, datt ech mäi Liewe laang op Insulin ugewise sinn a mer dee selwer sprëtze muss.

An ech hunn an deene ronn 30 Joer eng helle Wull u Virurteeler, Kommentaren an absurden Aussoen héieren.

"Iess dach einfach manner Zocker!", "Du muss dech méi beweegen", "Kanns du dat net mat denger Ernierung an de Grëff kréien?"

Dat si just e puer Beispiller vu Sätz, déi weisen, datt vill Leit entweder net informéiert sinn oder einfach Saachen unhuelen, ouni wierklech ze wëssen. vu wat se schwätzen.

Et ass ustrengend genuch, all Dag mat enger chronescher Krankheet ze liewen, déi ee permanent begleet an déi een net einfach Mol sou en Dag vergiesse kann. Do brauch een net nach onbeduecht Bemierkungen oder gutt gemengte Rotschléi vu Leit, déi eigentlech guer net wëssen, wat et heescht, Typ 1 Diabeetes ze hunn.

"Hautdesdaags ginn et dach esou vill technesch Hëllefsmëttel, dann ass et jo kee Problem méi!". Och dat ass eng Ausso, déi ech schonn X Mol héieren hunn. Jo, déi nei Technologië maachen d'Liewe mam Diabeetes e gutt Stéck méi einfach, mee eng Insulinpompel oder e Sensor si keng Heelung an och keng Garantie, datt alles ëmmer impeccabel verleeft.

Et ass e grousse Fortschrëtt, ouni Zweiwel. Allerdéngs bleift e grousse Batz u Responsabilitéit, Decisiounen an deeglecher Belaaschtung. An da kënnt nach derbäi, datt ee 24 Stonnen op 24 mat engem Apparat verbonnen ass oder e Friemkierper um Aarm, um Bauch oder um Bee pechen huet. Dat ass alles anescht wéi selbstverständlech.

Wat net heescht, datt ee bedauert oder anescht behandelt wëll ginn. Ier Leit urteelen, solle se sech awer wgl. informéieren. A wa se gutt gemengte Rotschléi wëlle ginn, da vläicht fir d'éischt mol nofroen an nolauschteren, wat et iwwerhaapt heescht, mat där Krankheet ze liewen.

Typ-1-Diabeetes ass keng Fro vu Schold, Disziplin oder perséinlechem Versoen. Et ass eng Krankheet, mat där ee léiere muss ze liewen – all Dag, all Stonn, all Minutt.

Am Kader vum Weltdiabeetesdag géif ech mer deemno wënschen, datt méi iwwert Typ 1 geschwat gëtt an d'Leit virun allem och hir eege Virurteeler doriwwer hannerfroen.

Back to Top
CIM LOGO