
Ech hätt jo lo gäre gesot, bei wéi ville Gemenge genee wärend der leschter Kontroll opgefall ass, datt se sech net un d'Marchés-publics-Gesetz gehalen hunn, mee den Inneministère nennt déi Zuel net. Et heescht just, datt et "reegelméisseg" virkënnt. Wann ee verschiddene Lokalpolitiker gleewen dierf, da schéngt déi Formuléierung awer nach liicht ënnerdriwwen, well et wier nämlech wäit méi wéi d'Hallschent vun de Gemenge betraff. Konkret Fäll, wou géint d'Gesetz vun de Marchés publics verstouss ginn ass, gouf et zum Beispill zu Péiteng an zu Hesper. Wärend de Péitenger Buergermeeschter Jean-Marie Halsdorf dat op mannst nach mat engem Feeler erkläert , seet déi Hesper Buergermeeschtesch Diane Adehm ganz oppen, datt ee sech am Schäfferot zwar bewosst gewiescht wier, datt een net legal ënnerwee war, mee hire Virgänger Marc Lies hätt, wéi hien nach Buergermeeschter war, ëmmer nees Drock gemaach an op d'Zäit verwisen, déi verluer goe géing, wann een ëmmer alles korrekt ausschreift.
Ah bon, mat deem Argument kënne mer jo dee ganze Code de la route an d'Poubelle schmäissen. Ech hätt mech jo un d'Vitesselimitatioun gehalen, mee dann hätt ech ze vill Zäit verluer. Am Fong ass et schued, datt de Marc Lies virun dräi Joer net Logementsminister ginn ass, well da wier et mol richteg virugaangen an de Claude Meisch hätt sech als Educatiounsminister ganz drop konzentréiere kënnen, datt d'Schüler iwwerhaapt mol nees sou wäit liese léieren, datt se verstinn, wat an enger Immobilien-Annonce steet. Mee lo kommen ech vum Thema of, zeréck bei d'Gemengen.
Et ass scho bëssi witzlos, datt wann d'Gemenge sech net u Gesetzer halen, wou et dacks ëm Projeten am Wäert vun e puer Milliounen Euro geet, gefillt keen Hunn dono kréit, wann awer den Autonormalbierger säi Gaardenhaischen een hallwe Meter ze no un dem Noper säin Terrain baut, da muss en am schlëmmste Fall dee ganze Krëppeng nees wechrappen. Nach méi witzlos ass et, wa Lokalpolitiker sech iwwert Gesetzer beschwéieren, déi se an der Chamber selwer matgestëmmt hunn. Do weist sech, datt d'Argument, dat ëmmer nees an d'Feld gefouert gëtt, fir d'Duebelmandater ze rechtfäerdegen, datt nëmme wa Gemengepolitiker am Parlament sëtzen, d'Interesse vun de Gemengen net hannen iwwer falen, d'Strooss net hält. Um Enn stëmmt deen eenzelen Deputéierten am Normalfall nämlech sou of, wéi seng Fraktioun et gären hätt.
Kritesch ass hei och d'Roll vum Inneministère ze gesinn. Et schéngt nämlech, wéi wann een et éischter als Kavaléiersdelikt ugesäit, wann d'Gemenge géint Gesetzer oder op mannst géint ee spezifescht Gesetz verstoussen. Soss géing ee méi op den Tempo drécken, fir Strofe fir déi Gemengen anzeféieren, déi sech net drun halen. Den Inneminister Léon Gloden war jo selwer 12 Joer Buergermeeschter vu Gréiwemaacher an ass dowéinst vläicht bëssi ze vill gedam, wou en am Fong éischter streng misst sinn. An hei nach een Tipp un d'Gemengepersonal: Ee Politiker kann iech net zwéngen, géint d'Gesetz ze verstoussen.
Wann ech mech driwwer opreegen, datt d'Gemenge sech net un d'Marchés-publics-Gesetz halen, dann iwwregens net, well ech fannen, datt dat Gesetz perfekt wier. Wäit dovun ewech, nieft der Aféierung vu Strofe misst virop d'Gewiichtung vun de Krittären mol ugepasst ginn. Aktuell spillt de Präis eng ganz wichteg Roll, wat op den éischte Bléck sënnvoll wierkt, well esou garantéiert soll ginn, datt keng Steiergelder zur Fënster eraus geschmass ginn, ass awer kontraproduktiv, wann ëmmer déi selwecht Firma geholl muss ginn, obwuel se an der Vergaangenheet Schmu um Bau bedriwwen huet. Et sëtze jo genuch Lokalpolitiker an der Chamber, déi do hier Expertise vum Terrain mat erabrénge kënnen, also virausgesat, datt se do och mol matschaffe géingen. Mee bis dohinner: Halt iech einfach un Är eege Gesetzer!