
Et huet schonn eppes Dystopesches, de Guide fir 72 Stonnen Autonomie ze liesen. Ma d’Gefore si reell. D’Corona-Pandemie huet gewisen, wéi séier d’ëffentlech Gesondheet a Fro gestallt ka ginn a wéi een Impakt dat op d'kritesch Infrastrukturen huet. Déi uerg Iwwerschwemmungen 2021, grad wéi d’Hëtztwellen dëse Summer weisen, dass extrem Wiederphenomener méi heefeg ginn. D’politescht Klima ass extrem fragil: spéitstens 2022 huet Russland seng expansionistesch Ambitioune méi wéi kloer gemaach. D’Drone-Virfäll vu virun e puer Woche weisen, dass och hei zu Lëtzebuerg versicht gëtt, d’Leit ze veronsécheren.
Dofir ass et richteg, de Leit Outilen ze ginn, fir sech op den Eeschtfall ze preparéieren. Och wann et hei wuel virun allem ëm e längere Stroumausfall schéngt ze goen.
Wéi gesäit déi Preparatioun konkret aus? Fir 72 Stonne laang eleng doheem eens ze ginn, brauch een der Regierung no ënnert anerem Waasser fir 3 Deeg, Liewensmëttel, déi net verdierwen, e Gaskocher mat Ersatz-Bombonnen, e Radio mat Batterien oder enger Kierb, Schlofsäck oder Decken, Käerzen, Medikamenter a Iod-Pëllen, déi kritt een op der Gemeng.
3 Liter Waasser den Dag – do kënnt ee bei enger Famill vu 4 Leit op 36 Liter, also 6 Cageoten, plus eventuell nach e puer Liter fir Hausdéieren. Déi muss een och emol ënnerkréien - ma net jiddereen huet déi Plaz. Och finanziell kann esou en Noutfall-Kit eng Erausfuerderung sinn – ëmmerhi sot d’Regierung hei, datt d’Sozialbüroen hëllefe kënnen. Wéi dat genee funktionéiert, ass net ganz kloer.
Donieft setzt d’Regierung op Solidaritéit, géigesäitegt Hëllefen an der Noperschaft. Déi Solidaritéit muss awer och an Net-Krisenzäite gefleegt ginn. Den ëffentleche Raum zu Lëtzebuerg ass allerdéngs kaum esou gestallt, dass ee sech an der Noperschaft spontan begéine géing an domat d'Basis vun enger zukünfteger géigesäiteger Hëllef géing leeën.
Schlussendlech muss een och d’Fro stellen, ob d’Regierung hirersäits genuch fir d’Resilienz mécht. Esou zum Beispill wann et drëm geet, esou ze kommunikéieren, dass d'Leit iwwerhaapt emol Bescheed wëssen, dass ee Mesuren ergräife muss. Net fir näischt koum bei der Presentatioun vum 72-Stonne-Plang nees d’Kritik ronderëm d’Krisekommunikatioun bei de Bëschbränn am Héije Venn op. Den Inneminister versprécht Verbesserunge beim LU-Alert-System. Dat gouf awer mëttlerweil schonn dacks versprach - zanter den uergen Iwwerschwemmunge viru 5 Joer soll d’Krisekommunikatioun verbessert ginn. Do dierf d’Fro erlaabt sinn, wéi laang dat nach dauere soll. 6 Joer nom Covid-Lockdown gëtt et ëmmer nach kee Pandemie-Gesetz, respektiv och kee grousst Gesetz iwwer d’ëffentlech Gesondheet, an deem d’Pandemien elo och solle couvréiert ginn.
Och beim Klimawandel a senge Konsequenze schéngt d’Urgence vun der Situatioun nach ëmmer net richteg erkannt ze sinn. D’Drénkwaassersécherheet ass zum Beispill eng grouss Schwaachstell vu Lëtzebuerg. Ma net just gëtt net resolut un deem Probleem geschafft, d'Regierung ass doriwwer eraus iwwerzeegt, e Google-Datenzenter, dee ferm un d'Energie- a Waasserreserve geet, wier eng sënnvoll wirtschaftlech Diversifikatioun. Am Sënn vun der Onofhängegkeet vun den amerikaneschen Tech-Giganten an deemno der technologescher Resilienz ass dat dovun ofgesinn och net. Wat genee d'Regierung ënner Resilienz versteet - vun 72 Stonnen doheem Campen emol ofgesinn - ass net ganz kloer.