
Ech kenne Leit, déi hir Luxusaueren net méi undinn, wa si an d‘Stad een huele ginn. Aus Angscht se geklaut ze kréien. Nach méi aus Angscht dofir eng op d‘Bomm ze kréien. Kloer, de Patt schmaacht net méi oder manner gutt, ouni Marke-Wecker um Handgelenk. A wie wëll, kann de Besëtz vun deiere Bijouen mengetweegen och ganz als Statussymbol verurteelen. Wie keng Auer huet, kritt keng geklaut. Mä dat wär de Problem verkannt, dass d‘Leit déi Freed un esou enger Auer hunn, fäerte mussen, se unzedoen.
87% Prozent vun de Bierger sinn der Meenung, dass de Staat, d'Police an d'Justiz méi streng géint Persoune virgoe sollen, déi fir Onrou suergen. D‘Fro vum Sondage war op d‘Stied bezunn, ech schreiwen hei iwwer d‘Stad, also d‘Ville de Luxembourg.
En opbruechte Gastronom huet mech an de leschte Méint ëmmer erëm geupdate, wou an der Stad rezent agebrach gi war a wou Clienten hire Portmonni, hir Posch oder hire Collier ofgeholl kruten, an och wou et nach e blot An dobäi gouf. True Crime beim Owesiessen. Keng belaaschtbar Statistiken, awer méi ewéi just Geeschtergeschichten.
Dofir hat d‘Wort rezent d‘Chifferen aus der Haaptstad bei der Police nogefrot: 670 Fäll vu Kierperverletzung 2021. 900 Fäll 2025. Viru 5 Joer gouf et eppes iwwer 320 Iwwerfäll mat Gewalt, zejoert méi ewéi 430. An dann d‘Vollen: vun 3.600 op 7.700 an nëmme véier Joer!
Dat huet, wéi och an den nationale Statistiken, deels domat ze dinn, dass d‘Populatioun gewuess ass. Dem Police-Direkter Pascal Peters no ass den Taux vu Kriminalitéit pro Awunner zu Lëtzebuerg an de leschte Jore stabel bliwwen. D‘Land gëtt also net méi kriminell, ma an absolutten Zuelen ginn et dann awer trotzdeem méi Fäll an dat wäert sech ganz onwëssenschaftlech och iergendwéi op d‘Sécherheetsgefill vun de Leit offierwen. Virun allem an der Stad. Se ass kleng, méi Strofdoten falen op. Och méi Polizisten sinn net z‘iwwersinn, an hirem Chef no, hu si an de leschte Méint och vill Brigangen gepëtzt. 87% vun de Bierger applaudéieren.
E politescht Tabuthema ass awer nach d‘Fro, wien d‘Strofdote begeet. Fir de Gastronom ass d‘Äntwert: gréisstendeels keng Lëtzebuerger. Hien ass keen Auslännerfeind, och net riets oder sou. Hie seet, hie kéint net dofir, wat hien ebe gesäit an héiert, och op sengen Iwwerwaachungskameraen. Vill Leit maachen änlech Aussoen, och wa si wëssen, dass Kriminalitéit aner Facetten huet: sozial Problemer, dass och Lëtzebuerger stroffälleg ginn, an dass all Dag vill Leit zu Lëtzebuerg sinn, déi net hei liewen. Op Zuele baséiert hir Ausso och net. D‘Police fleegt keng Statistiken zu der Nationalitéit vun den Täter. Déi wär fir d'Aarbecht vun der Police “net relevant”, seet de Pascal Peters. Seng pragmatesch Approche ass: Jiddereen, deen eng komme léisst, gëtt d‘selwecht behandelt.
An deem Sënn muss d‘Nationalitéit souguer egal sinn. Ech froe mech awer, firwat d‘Nationalitéit net trotzdeem nees an de Statistiken opgeholl gëtt. Dem Policeminister Léon Gloden no, ass dat eng „reng populistesch Demande“. Warscheinlech well se vu Populisten kënnt.
D‘ADR reprochéiert him zanter Joren déi Zuelen zeréckzehalen. Zuelen, déi et fréier gouf. Mä populistesch ass d‘Demande am beschte Sënn vum Wuert, well se d‘Stëmmung vun Deeler vum Vollek opgräift. An Däitschland gëtt d‘Nationalitéit vun den Täter entretemps als eng normal Informatioun fir d‘Bierger ugesinn. Nëmme 40 Prozent vun de Verdächtegen sinn iwwregens Net-Däitsch. Dat op d'mannst, weess een dann. Et ginn allerdéngs och fënnef mol méi Däitscher ewéi Auslänner an eisem Nopeschland. Dir gesitt: Et ass net esou einfach, a grad dofir interessant, d‘Zuelen ouni Virurteeler an hire Kontext ze setzen, och wa se fir d‘Policeaarbecht um Terrain net relevant sinn, an och net fir d‘Affer. Awer fir eis Gesellschaft. Fir d‘Transparenz. Haart Aussoen ewéi déi vum ADR-Deputéierten Tom Weidig, kéinten iwwerpréift ginn. Déi Statistik net ze berécksiichtegen, spillt him an d‘Kaarten. Et wierkt, wéi wann de Leit eppes verheemlecht géif ginn.
Ze vill politesch Korrektheet ass hei kontraproduktiv. Wann ee potenziell Problemer net kloer uschwätzt, iwwerléisst een de Rietspopulisten deen Terrain. Déi traue sech dat um Mikro an hire Wieder a fir hir Zwecker auszeschwätzen, wat net wéineg Leit entretemps fillen, ouni et wierklech beleeën ze kënnen. D‘Fakten ze kennen, kann net schueden, oder?
Ech mengen, et wär un der Zäit. En zynesche Witz géif elo nach passen fir dat ganzt ofzeronnen. Zum Beispill, dass ech jo guer keng Auer unhunn, well ech den Owend een huele ginn. Komm mer loossen dee sinn.