
Et gesäit dono aus, wéi wann d'Demokrate gewannen an d'Republikaner vum US-President Donald Trump verléieren dierften. Dat wäert awer net dozou féieren, datt den Trump dono eng méi gedam Politik maache wäert, mengt op d'mannst de Marc Hoscheid an engem Commentaire.
Ech weess, datt ech lo enger Partie Leit d'Stëmmung verdierwen, well se hoffen, datt den Donald Trump no de Midterms eng sougenannt "Lame duck" wäert sinn, also ee President, deen net méi sou ganz vill ze mellen huet, mee dat gleewen ech wierklech net. Ech leeë mech lo Mol wäit aus der Fënster a behaapten, datt de Senat an der Hand vun de Republikaner bleiwe wäert, och wann hir Majoritéit méi kleng gëtt. Domadder hätt den Donald Trump weider d'Méiglechkeet, wichteg Personalentscheedungen, zum Beispill d'Ernennung vu Riichter, duerchzekréien.
D'Representantenhaus dierft mat zimmlecher Sécherheet un d'Demokrate goen, mee dat ass an der Hallschent vun enger Presidentschaft nu wierklech net aussergewéinlech an eng Majoritéit vun 20 bis 25 Sëtz, wéi se an den Ëmfroen dacks virausgesot gëtt, ass historesch gesinn och net wierklech grouss. Gutt, d'Demokrate kënnen dann eng Partie parlamentaresch Kommissiounen ariichten, déi ee méiglecht Feelverhale vum President ënnersichen a vläicht esouguer nees een Impeachment op de Wee bréngen, mee béides bleiwe symbolesch Aktiounen ouni konkreten Impakt. Vun enger bloer Well wäert een no dëse Walen net schwätze kënnen, wann iwwerhaapt, da vun engem bloen An fir den Donald Trump, wat deen awer net kraze wäert. Wat ass schonn ee blot A fir ee Mann, deen an d'Ouer geschoss krut?
An esouguer wa béid Kummere vum Kongress un d'Demokrate ginn, brécht fir den US-President och nach keng Welt zesummen. Hien huet nämlech d'Méiglechkeet, a gewësse Grenzen, per Dekret laanscht de Kongress Decisiounen ze huelen. A virop an der Aussepolitik, op där dem Donald Trump säi Fokus ze leie schéngt, huet den US-President extrem vill Muecht. Egal wéi d'Walen en Dënschdeg ausginn, et deit zimmlech vill dorobber hin, datt de Krich géint den Iran dono nees Faart ophuele wäert. Da muss nämlech keng Récksiicht méi op potenziell Wieler geholl ginn, déi wéinst kuerz- oder mëttelfristeg héijen Energie- a Liewensmëttelpräisser onzefridde sinn.
Onzefridden ass den Donald Trump bestëmmt mat deem, wat e bis elo am Iran erreecht huet. Den Ali Chamenei gouf zwar wéi eng Partie aner héich Vertrieder vum Regime direkt am Ufank vum Krich ëmbruecht, mee de Regime ass awer weider do. Déi Tatsaach u sech kéint dem US-President am Fong zimmlech egal sinn, well et souwisou net an éischter Linn drëm goung, den Iraner d'Demokratie ze bréngen, mee datt den Iran elo méi eng grouss Kontroll iwwert de Mierespassage vun Hormus huet wéi jee virdrun, ass fir d'Amerikaner ee Schlag an d'Gesiicht, deen net just ee blot An, mee schonn éischter eng bluddeg Nues als Konsequenz huet. A wann de Krich nees lancéiert ass, da leeft et wéi ëmmer, sou laang gekämpft gëtt, deet d'Oppositioun sech mat Kritik um President schwéier, well een op kee Fall Gefor lafe wëllt, datt engem ënnerstallt ka ginn, onsolidaresch mam hellegen US-Militär ze sinn.
Et wier also net vu Muttwëll, wa Lëtzebuerg an awer och déi ganz EU sech elo schonn drop virbereede géing, déi negativ Repercussiounen op den Energiesecteur ofzefiederen. An d'EU géing generell gutt dorunner doen, sech resilient, fir Mol ee Moudewuert ze vermeiden, opzestellen. Da géing et net grad sou eng grouss Roll spillen, ob den US-President eng schlamm oder eng sportlech Int ass. Well och wann de President net méi Donald Trump heescht, gëtt et wuel awer ni méi sou wéi an der gudder aler Zäit, wéi een zwar nach vun den Amerikaner ausspionéiert gouf, mee sech fir de Rescht awer op se verloosse konnt.