"Mir sinn 2025, mir sinn net 1700"

Dat hat de liberalen Ausseminister a Vizepremier Xavier Bettel dem Kardinol Hollerech geäntwert, wéi et ëm d'Fro goung, ob den Avortement soll an d'Constitutioun stoe kommen. Et schéngt awer, wéi wa sech och bei der DP Leit ageschlach hätten, déi nach net ganz am Joer 2025 ukomm sinn, kommentéiert d'Dany Rasqué de Gaaschtbäitrag vum liberale Gérard Schockmel, deen de Weekend iwwer nawell héich Welle geschloen hat.
Wann ee liest, datt de Feminismus eng récksiichtslos Ideologie soll sinn, déi Frae géint Männer géif opstëppelen, d’Gesellschaft soll polariséieren, radikaliséieren an de gesellschaftlechen Zesummenhalt a Gefor bréngen, da géif een den éischten Ament net mengen, datt een en Artikel vun engem liberalen Deputéierte liest.
Feminismus, dee Männer diskriminéiert?
D’Diktat vum Feminismus, dat de Männer e Maulkuerf verpasst?
Natierlech ass et dem Gérard Schockmel säi gutt Recht, fir dat ze schreiwen. Mir liewen an engem Land, wou een dierf soen, wat een denkt, mä et ass dofir och all deenen anere Leit hiert gutt Recht, fir dat ze kommentéieren.
Feminismus war an ass fir mech e Kampf, fir datt all Mënsch déi selwecht Rechter a Chancen huet an et ass kee Kampf, dee just vu Frae gefouert gëtt, mä duerchaus och vu Männer an ech sinn iwwerzeegt, datt déi Feministen, déi sech engagéieren, dat aus fräie Stécker maachen an net, well se vun enger Fra d’Messer op d’Broscht gesat kréien.
Bis 1919 huet hei am Land keng Fra dierfe wiele goen, si huet keen eegene Compte dierfen hunn an huet ouni Erlabnis vun hirem Mann net dierfe schaffen, ausser am eegene Stot versteet sech. Do huet se missen.
An 106 Joer méi spéit fillen d’Männer sech diskriminéiert?
Scho viru Wochen huet de liberale Gérard Schockmel no enger Chamberkommissioun geklot, datt et him anescht ergaange wier, wann hien e Géraldine a kee Gérard wier. Aus deem Saz huet ee vill Frust eraus héieren an dee selwechte Frust liesen ech och a sengem Gaaschtbäitrag am Lëtzebuerger Wort. De Gérard Schockmel huet, wéi et schéngt, einfach nach net verquësst, datt hien elo an der Chamber ass an net an der Regierung, esou wéi hie sech dat eigentlech virgestallt hat. Hien hat sech jo relativ séier a virun allem selwer als Gesondheetsminister a Positioun bruecht, mä hien hat d’Rechnung ouni d’Partei gemaach.
Éischtens krut oder wollt d’DP de Santésministère net an huet zweetens decidéiert, d’Stephanie Obertin mat an d’Regierung ze huelen als zweet liberal Fra nieft der Yuriko Backes. Domadder war dem Gérard Schockmel säin Dram geplatzt. A sengen Ae wéinst enger Fra, déi manner Stëmmen hat. Dat kraazt natierlech um Ego, mä och wann d’DP déi Leit an d’Regierung geschéckt hätt, déi am meeschte Stëmme kruten, wier et fir de Gérard Schockmel net duer gaangen. Op der Zentrumslëscht wieren nach ëmmer d’Lydie Polfer an d’Corinne Cahen virun him gewiescht.
D’Yuriko Backes, déi nach méi Stëmmen an ënnert anerem Ministesch fir Chancëgläichheet an Diversitéit ginn ass, huet hire Parteikolleeg e Samschden op d’mannst via sozial Medien, mä vläicht och perséinlech viv op d’Plaz gesat an him anengems eng Lektioun a Saache Feminismus ginn, déi an deem hei Fall net vu Muttwëll war.
Ech si mer net sécher wéi eng vum Gérard Schockmel senge Behaaptunge mech am meeschte rose mécht... et sinn der eebe vill... mä datt fir de Feminismus d’Recht op Liewen vun engem mënschlechen Embryo e rout Duch soll sinn an datt fir de Feminismus d’Recht op Ofdreiwung ni wäit genuch ka goen, si schonn Ënnerstellungen, déi keng Feministin a kee Feminist sech musse gefale loossen. Och net vun engem liberalen Deputéierten, deen am leschte Joerdausend stoe bliwwen ass an dee spéitstens dëse Weekend e gelongene Coming Out als misogynne Gesell konnt feieren, deen definitiv besser an eng aner Partei gepasst hätt.