Eng Rëtsch Publikatiounen deiten dorop hin, dass d'Europäesch Unioun geschwënn all Contenu, deen op digitale Plattformen ausgetosch gëtt, scanne wäert. Duerch de Projet fir eng EU-Direktiv, deen "Chat Control" genannt gëtt, sollen d'EU-Bierger enger Masseniwwerwaachung ausgesat ginn.

D'Initiativ wëll der Pedokriminalitéit am Internet entgéintwierken, ass awer ëmstridden a suergt fir hefteg Debatten, well hir praktesch Ëmsetzung d'Gefor vu Feelentwécklunge mat sech bréngt. Déi aktuell Versioun vum Projet viséiert awer net all Konversatiounen an Dateien, mee just den Austausch vu Biller. Och am aktuelle Projet, deen nach evoluéiere kéint, si Garde-fouse virgesinn.

Zënter e puer Woche gëtt an enger Abberzuel Bäiträg a Sozialen Netzwierker iwwer de Projet "Chat Control" geschwat.

"An e puer Méint wäert all Message, deen Dir schéckt, all Foto an all Video gelies kënne ginn, éier e beim Empfänger ukommen. Ären Telefon an Äre Computer ginn zu Iwwerwaachungsmaschinnen", seet en Notzer op TikTok. Weider seet hien: "Eis Messagen a Fotoe ginn mam Chat-Control-Gesetz deemnächst vun engem Algorithmus gescannt a verschafft."

"All Är Messagen, Fotoen an Dateie gi geschwë virum Verschécke gescannt an den Autoritéite gemellt", heescht et an engem anere Bäitrag op TikTok, deen den 11. August 2025 eropgeluede gouf an zënter senger Publikatioun méi wéi 110.000 Mol opgeruff gouf. "Eis Messagen a Fotoe gi mam Chat-Controll-Gesetz deemnächst gescannt a vun engem Algorithmus verschafft".

"Chat Control: Mat dësem Gesetz wäert Europa ALL Är Messagë liesen". Sou steet et am Text, deen eng Publikatioun vum Florian Philipot illustréiert, déi op TikTok méi wéi 160.000 Opriff krut.

De President vun der franséischer Partei "Les Patriotes" erkläert an dësem Video, dass all d'Messagë vun de Bierger gescannt ginn, fir "offiziell ze iwwerpréiwen, dass et keng Kannerpornografie oder Terrorismus ass, dat ass dat offiziellt Argument". Hie schwätzt och vum "gréisste Masseniwwerwaachungsinstrument, dat jee erfonnt gouf".

Op Instagram gëtt et weider viral Bäiträg (1, 2), an deenen "Chat Control" ernimmt gëtt an déi Millioune Mol gekuckt goufen. "An engem Mount wäert Europa e Gesetz stëmmen, dat et de Regierungen erméiglecht, all eis privat Messagen ze scannen. WhatsApp, Messenger, Signal, alles ass dran. Dëse Projet heescht Chat Control. E baséiert op enger Kënschtlecher Intelligenz, déi däi ganzen Telefon duerchsiche wäert, deng Messagen, Fotoen a Videoe liese wäert", seet eng Content-Creatorin, déi op KI spezialiséiert ass, an engem Bäitrag vum 12. September 2025. An deem Video, dee méi wéi 3,4 Milliounen Opriff verzeechent, seet si ausserdeem: "Mat dësem Gesetz ass jidderee verdächteg" an dass "jiddereen um Enn sech selwer zenséiere wäert, well ee weess, dass eng Kënschtlech Intelligenz alles liest".

Internetsitten a Petitiounen, fir sech géint de Projet ze wieren

Am Internet gëtt et eng Rëtsch Säiten a Petitiounen (1, 2). "Stop Chat Control", "Stop Chat Control EU" oder nach "Fight Chat Control" si just e puer Portaler, déi sech géint den europäesche Projet ausschwätzen.

Et gëtt och en däitschen Europadeputéierten, deen eng eege Säit iwwer Chat Control bedreift. Op dëser Säit verëffentlecht den Deputéierte vun der Piratepartei ënner anerem eng Kaart vun der Europäescher Unioun mat der Positionéierung vun den eenzele Länner. Déijéineg, déi den Text gutt fannen, si rout markéiert (14 Länner), d'Ondecidéiert blo (4) an d'Géigner / Neutral gréng (9). Déi lescht Versioun vun dëser Säit weist, dass d'Belsch ënner de "Géigner" geféiert gëtt.

Dës Kaart ass wäitleefeg a verschiddene Versiounen op Internetplattformen am Ëmlaf.

RTL

Carte publiée représentant le positionnement supposé des différents pays de l’UE sur le projet CSAM, le 19 septembre 2025. / © Site de Patrick Breyer

CSAM : En Text fir d'Bekämpfung vun Online-Echangë vu kannerpornografesche Contenuen

"Chat Control", deels och "Chat Control 2.0" genannt, ass de Spëtznumm, dee Kritiker dem proposéierten EU-Reglement CSAM (Child Sexual Abuse Material) ginn hunn, mat deem d'Verbreede vu kannerpornografeschem Material bekämpft gi soll.

D'EU huet scho Mesuren ergraff, fir de Phenomeen vun der Distributioun vun illegale Fotoen a Videoe vu Kanner ze bekämpfen, besonnesch duerch d'Erlabnis fir bestëmmt Entreprisen, Technologien ze benotzen, déi den Austausch vun dëser Zort Contenu op hire Plattformen erkenne kënnen. Déi aktuell Dispositioune goufe bis Abrëll 2026 verlängert. Mee de Projet, deen aktuell um Dësch läit, wëll awer nach méi wäit goen.

Zënter Mee 2022 wëll d'Europäesch Kommissioun e System aféieren, dee Plattformen dozou verflicht, getosch Contenue virun hirer Verbreedung op Online-Plattformen - sief et verschlësselt oder net - ze scannen, fir géint d'Verbreedung vu pedokriminelle Contenuen virzegoen.

D'Grondiddi ass, dass d'Plattformen iwwerpréiwe missten, ob Fotoen oder Videoen aus Datebanke mat scho virdrun identifizéierte kannerpornografesche Contenuen an hiren Netzwierker am Ëmlaf sinn, an d'Verbreedung vun dëse Contenuen direkt blockéiere missten, falls d'Maschinnen esou Saachen erkennen. De Projet gesäit och vir, dass d'Plattformen den Alter vum Notzer iwwerpréiwe mussen.

E Projet, deen net nei ass, mee nees an d'Aktualitéit kënnt

D'Textproposen, mat deene versicht soll ginn, d'Verbreedung vun dësen illegale Contenuen iwwer Plattformen ze verhënneren, hunn an de leschte Jore scho vill Entwécklungen duerchlaf. Sou gouf beispillsweis am Juni 2024 eng Ofstëmmung iwwer eng Versioun vum Projet wärend der belscher EU-Presidence vum Ordre du jour geholl.

Wann CSAM nees vu sech schwätzen deet, ass dat well en zënter dem 1. Juli op en Neits op den Ordre du jour vum EU-Rot gesat gouf, ënner der Presidence vun Dänemark.

Den Text geheit vill Froen op a suergt fir enorm Reaktioune souwéi eng Debatt tëschent de Vertrieder, déi fir e méi effikasse Kampf géint d'Verbreedung vu kannerpornografesche Contenue antrieden, an de Parteien, déi sech fir de Schutz vun der Privatsphär asetzen.

Déi lescht Versioun vum Text "Proposition de règlement du Parlement européen et du Conseil établissant des règles pour prévenir et combattre les abus sexuels commis sur des enfants" datéiert vum 24. Juli 2025 a gouf vun der dänescher Presidence ofgeännert a guttgeheescht. Se ass op Englesch um Site vum EU-Rot disponibel.

D'Fro vun der genotzter Technik

Dëse Wëllen, den Austausch vu kannerpornografesche Contenue besser ze kontrolléieren an ze bekämpfen, geet op eng grouss technesch Fro zeréck. Wéi kann ee Millioune vun Donnéeën analyséieren, déi iwwer Messagerien, awer och iwwer Chats a Sozialen Netzwierker, E-Mails oder Videokonferenzen ausgetosch ginn?

Besonnesch problematesch sinn och standardméisseg verschlësselt Messenger-Applikatioune wéi WhatsApp, Signal oder Telegram, déi vu Millioune vu Smartphone-Notzer benotzt ginn.

Fir Verschlësslung vu Contenuen ze ëmgoen, gëtt aktuell d'Technologie vum Client-Side-Scanning (CSS) a Betruecht gezunn. Dobäi gëtt de Contenu vun engem Message op dem Apparat vum Notzer virum Verschécken op strofbar Contenuen oder Änleches mat enger Datebank fir verbuede Contenuen ënnersicht. De Scan gëtt vum Apparat vum Notzer aus duerchgeféiert, éier de Message un den Empfänger iwwermëttelt gëtt, a méiglecherweis éier se verschlësselt gëtt; falls se verschlësselt gëtt. Méiglech Ähnlechkeete kënnen dann duerch Algorithmen aus bestoenden Datebanke verglach ginn.

"Et ass, wéi wann een e Bréif an engem versigelten Ëmschlag verschécken an eng Kamera fir d'éischt kucke géif, wat een dragemaach huet, éier den Ëmschlag zougemaach gëtt", sou d'Anne Canteaut, Fuerschungsdirektesch um INRIA, déi sech op Computersécherheet spezialiséiert huet, géintiwwer der Emissioun 20minutes. Verschlësselt Messagerië stelle sécher, dass just den Absender an dem Empfänger e Message liese kënnen. D'technologesch Léisung implizéiert, dass et "en op dem Telefon oder Computer installéierten Algorithmus gi géif, deen de Contenu iwwerpréift", seet si weider. "Et brécht een Verschlësslung net op, awer et erzwéngt een e Scan op der Clientssäit: Et mécht een den zoue Bréif net op, mee et kuckt ee sech en un, éier een den Ëmschlag zoumécht."

Den aktuelle Virschlag féiert och nees d'Méiglechkeet an, "Machine Learning" a Kënschtlech Intelligenz anzesetzen, fir och onbekannt CSAM-Biller ze detektéieren.

Verschlësslung vu Contenuen a Gefor: Entreprisen an Akademiker reagéieren

Dës nei Technik, déi d'Ëmgoe vun der Verschlësslung vu Contenuen erméigleche géif, rifft vill Experte fir Sécherheet an Dateschutz op de Plang.

Direkt betraff Entreprisen hunn ugekënnegt, dass si d'Zesummenaarbecht refuséiere géifen, wann den Text a senger aktueller Form gestëmmt gëtt. Dat gëllt fir de verschlësselte Messenger "Signal", deem seng Cheffin am Mee 2024 domat gedreet huet, sech vum europäesche Maart zeréckzezéien. Proton, d'Schwäizer Entreprise hannert "Proton Mail" a "Proton Drive", war schonn am September 2023 der Meenung, dass de Projet "net funktionéiere kann", dass en "net mam Respektéiere vun der End-to-End-Verschlësslung kompatibel" wär an dass ee juristesch Schrëtt a Betruecht zéie géif, wann d'Verschlësslung vu sengen Déngschter menacéiert wär.

An enger Publikatioun vum Abrëll 2023 hunn d'Membere vun der franséischer Université Sciences Po an hirer Konklusioun festgehalen: "D'Propos vun der EU, Kannermëssbrauch duerch d'Filtere vu private Messagen ze verhënneren an ze bekämpfen, ass gutt gemengt. Beim aktuellen technesche Stand wär et awer onméiglech, d'Reegelen ëmzesetzen, ouni d'End-to-End-Verschlësslung op Online-Messaging-Plattformen ze schwächen oder ofzeschafen. D'kollektiv Virdeeler vun der Verschlësslung fir d'Privatsphär, d'Vertrauen an d'Demokratie kéinte méi grouss si wéi d'Risiken, déi mat der Kreatioun vun engem Schutzschëld fir Pedophiller, Terroristen oder aner Krimineller verbonne sinn. Dës Leit wäerten aner Weeër fannen, fir hir Verbriechen ze begoen."

D'Autorinne vum Pabeier soten: "D'EU kéint politesch Mesurë fir d'Verhënnere vun CSAM souwéi technesch Proposen a Betruecht zéien, déi d'Integritéit vun der Verschlësslung schützen, ouni Hannerdieren oder Schwaachstellen ze schafen, déi vun Hacker ausgenotzt gi kéinten."

Bedenke wéinst dem Schutz vun der Privatsphär

Vum reng techneschen Aspekt vun der Verschlësslung ofgesinn, weisen Experten dorop hin, dass déi geplangt Technologie eng Rei Erausfuerderungen an eethesch Froen opwërft, well se méiglecherweis de Risiko vun enger allgemenger Iwwerwaachung matsechbrénge kann, wa se mëssbraucht oder schlecht encadréiert gëtt, fir och d'Dier fir institutionellen oder kriminelle Mëssbrauch souwéi de Risiko vu Computerfeeler opmécht.

Kritiker fäerten och e méiglecht "Verréckele vun de Funktiounen" ("Glissement fonctionnel"): Soubal e System en place ass, mat deem all Messagë vun engem Notzer gescannt gi kënnen, kéinten zukünfteg Regierungen an d'Versuchung kommen, den Notzungsberäich op aner Domäne wéi Terrorismus, Respekt vum Droit d'auteur oder politesch Dissidenz auszedeenen.

Si weisen och op de Risiko vu "falsche Positiven" ("Faux positifs") hin, bei deenen zum Beispill Biller als kannerpornografesch Contenuen identifizéiert gi kéinten, obwuel se et net sinn.

Den 9. September 2025 hunn Acteuren aus der akademescher Welt e Bréif un d'Europäescht Parlament an den Europäesche Rot geschéckt, an deem si déi technesch Machbarkeet vum Projet a Fro gestallt hunn a virun de Risike vun dëser "Detektioun aus dem Apparat eraus" gewarnt hunn. Ausserdeem hu si d'Risike fir d'Sécherheet an d'Privatsphär vun den europäesche Bierger thematiséiert. De Bréif krut bis den 18. September 700 Ënnerschrëften zesummen.

Fir de Co-Initiateur vum Bréif Bart Preneel, Professer fir Kryptografie a Computersécherheet op der KU Leuven, geet déi dänesch Initiativ laanscht de Kär vun der Saach, wéi hien Data News sot. De Belsch ass der Meenung, dass "kleng Verbesserungen, wéi méi séier Notifikatiounen, net duerginn, fir d'strukturell Risike fir d'Privatsphär ofzeschwächen."

D'Autoritéit fir Dateschutz äussert "seriö Zweiwel"

An der Belsch gëtt d'Autorité de protection des données (APD) un, "d'Entwécklunge betreffend dat proposéiert Reglement genee ze suivéieren an zu all Moment dorop opzepassen, dass en equilibréiert Gläichgewiicht tëschent dem Schutz vu Mannerjäregen engersäits an dem Recht op Privatsphär, Confidentialitéit vun der (elektronescher) Kommunikatioun an dem Schutz vu persounebezunnen Donnéeën anerersäits fonnt gëtt".

"Well et sech beim CSAM-Reglement ëm eng europäesch Reglementatioun handelt, wäert d'EDPD, an där d'APD Member ass, de Projet suivéieren. Mir wäerten also warscheinlech nees bei eisen europäesche Kolleege Stellung bezéie mussen", sou de Porte-parole vun der Autoritéit géintiwwer RTBF.

Am Joer 2022 hat sech d'EDPB, den europäeschen Daachverband vun den Dateschutzautoritéiten an den europäesche Länner, un der Säit vun der EDPS (d'Autoritéit fir Dateschutz op EU-Niveau) positionéiert an erkläert, dass den deemools diskutéierte Projet "seriö Bedenken, wat den Dateschutz an de Schutz vun der Privatsphär betrëfft", opwerfe géif. D'Agence hat d'Co-Legislateuren och opgefuerdert, "de Projet vum Reglement ze modifiéieren, besonnesch fir sécherzestellen, dass déi envisagéiert Opdeckungsflichten den aktuell gültege Standarde vun der Noutwendegkeet a Verhältnisméissegkeet entspriechen an net zu enger Schwächung oder Verschlechterung vun der Verschlësslung op allgemengem Niveau féieren".

"Bis dës nei offiziell gemeinsam Stellungnam virläit, kënne mir awer dorop hiweisen, dass mir seriö Zweiwel un der neier Propos hunn", sou d'APD.

Associatiounen an Experten am Kampf géint Pedokriminalitéit ënnerstëtzen d'Propos

Op der Säit vun den Ënnerstëtzer vum Projet sti besonnesch Associatiounen, déi am Kampf géint d'sexuell Ausbeutung vu Kanner aktiv sinn, an Experten am Kampf géint d'Pedokriminalitéit.

Haut gëtt et zwar Dispositioune fir d'Bekämpfung vun dësem Phenomeen, awer fir verschidden Experten erweise se sech als net genuch. "D'kannerpornografesch Contenuen, déi am Ëmlaf sinn an net all entdeckt ginn, d'Reglementatioun ass immens dorop ausgeriicht, dass d'Contenue vun der Justiz eliminéiert ginn, soubal se detektéiert goufen", huet de Guillaume Desgens, Riichter a bäigeuerdnete Professer am Conservatoire national des arts et métiers, de Faktenchecker vun TF1 erkläert. "Et rennt een de Contenuen no, an dat ass net immens effikass", bedauert den Expert.

Child Focus, d'Stëftung fir vermësst a sexuell ausgebeut Kanner, ënnerstëtzt déi dänesch Propos voll a ganz. Se seet, dass "de Volume u Biller vu sexuellem Mëssbrauch vu Kanner exponentiell wiisst, och an de Sozialen Netzwierker, déi Dir an ech notzen, an dat besonnesch wéinst der verschlësselte Messagerien". D'Stëftung betount och, dass "Handlungsbedarf besteet".

Child Focus no "ass d'Technologie och sou wäit fortgeschratt, dass se effikass ka sinn, virun allem fir net just scho bekannt, mee och nei Biller vu Kannermëssbrauch ze detektéieren."

D'Tijana Popovic, politesch Beroderin vun der Stëftung, hält et fir "äusserst dréngend, dass dëst Reglement duerchkënnt, well mir soss an e rechtleche Vakuum falen, an deem souguer d'fräiwëlleg Detektioun duerch d'Plattformen net méi méiglech si wäert. Vill Auteuren, déi sech fréier am Dark Web opgehalen hunn, fille sech elo bei verschlësselten Applikatioune wéi Telegram oder WhatsApp sécher. Mir sinn och der Meenung, dass de Resolutiounsentworf net disproportionéiert ass".

D'politesch Beroderin vun der Stëftung ass ausserdeem der Meenung, dass de Begrëff "Chat Control" net appropriéiert ass, well den Text "sech just op visuell Contenue bezitt an net op d'Kontroll vun Diskussiounen oder d'Analys vun Texter. D'Benotze vum Begrëff 'Chat Control' ass dohier falsch: Et geet néierens ëm d'Kontroll vu private Konversatiounen".

"D'Propos enthält doriwwer eraus genuch Garantien, fir d'Privatsphär vum Notzer ze schützen. Sollt een net och beim Recht op Privatsphär all de sexuell mëssbrauchte Kanner, deenen hir Biller weiderhin am Ëmlaf sinn, Opmierksamkeet schenken?", freet d'Madamm Popovic.

E Kader a "Garde-fouse" si virgesinn

Den 201 Säite groussen Text gëtt aktuell an den EU-Memberstaaten diskutéiert. E gesäit tatsächlech verschidde Garde-fouse vir. D'Wuert "Safeguard" kënnt an der Propos 47 Mol vir.

Dozou gehéiert d'Ariichte vun engem europäesche Centre d'expertise fir d'Bekämpfe vu sexuellem Mëssbrauch vu Kanner (Artikel 40/1), deen als Kader fir d'Duerchsetze vun der Legislatioun dénge soll an am engleschen Text als "EU Centre" bezeechent gëtt. De Conseil d'administration vun dësem Zenter géif sech aus engem Member aus all EU-Land, engem Vertrieder vun der Kommissioun an engem vum Europäesche Parlament ernannten onofhängegen Expert (deen awer kee Stëmmrecht hätt) zesummesetzen.

Potenziell detektéiert Contenue gi fir d'éischt anonymiséiert an da vun engem Mënsch traitéiert 

Dësen "EU Centre" géif als Centre de tri (Zortéierzentrum) a soumat als Intermediaire fungéieren. Weeder d'EU, nach d'Memberstaaten oder d'Police géifen d'Donnéeën direkt kréien, wa kannerpornografesch Contenuen detektéiert géifen.

Fir de Fall, dass Contenuen identifizéiert ginn, géife se anonymiséiert, éier se vu Mënschen iwwerpréift ginn. De Centre d'expertise géif da beurteelen, ob et sech tatsächlech ëm offensichtlech illegal Biller handelt. Wann dat de Fall wär, kéint en Ordre de détection (Erkennungsoptrag) fir e bestëmmten Déngscht vun enger Plattform ausgeschwat ginn. Dëse wär zäitlech limitéiert an dierft just mat enger Technologie benotzt ginn, déi vun dësem Centre d'expertise a vu Geriichter oder onofhängegen Autoritéiten zertifizéiert gouf.

Eng Technologie, déi vum Centre d'expertise zertifizéiert gi muss 
Wat d'Technologie betrëfft, vun de Plattforme fir d'Ëmsetze vun dësem Text benotzt géing, misst dës fir d'éischt vum Centre d'expertise vun der EU zougelooss ginn. Eng Technologie, déi net als genuch fortschrëttlech ugesi gëtt, kritt keng Zertifizéierung. Ausserdeem heescht et am Text: "Keng Dispositioun vum aktuelle Reglement sollt sou ausgeluecht ginn, dass se d'End-to-End-Verschlësslung verbitt, schwächt oder ëmgeet, hir Desaktivéierung verlaangt oder se onméiglech mécht".

Den Text gesäit aktuell just d'Scanne vu Biller vir
E weidere wichtegen Aspekt, deen an der neister dänescher Propos consideréiert gouf, ass, dass d'Scanne vu Contenue just Biller betreffe géif: Fotoen, Videoen an URLen. Text- an Audiomessagë géifen als zu dësem Ament net méi gescannt ginn, wouduerch d'Pertinenz vun der Bezeechnung "Chat Control", déi hir Géigner benotzen, de facto net méi ginn ass. An der Gesetzesvirlag heescht et awer och, dass "Text an Audio zu engem spéideren Zäitpunkt bäigefüügt gi kéinten".

Wou si mir elo drun? 

Den 12. September 2025 haten déi 27 EU-Memberstaaten d'Geleeënheet, hir Bewäertunge vun der leschter Versioun vun der dänescher Propos ze finaliséieren an hir Positioune bei der Diskussioun vum Text ze klären.

Déi nächst Debatt iwwer de Projet am Europäesche Rot wäert warscheinlech den 13. a 14. Oktober am Conseil fir Justiz a bannenzeg Sécherheet stattfannen. Fir dass de Projet säi Wee weidergoe kann, musse sech op d'mannst 55 Prozent vun de Memberstaaten dofir ausschwätzen: Dat entsprécht 15 vu 27 Staaten. D'Memberstaaten, déi d'Propos ënnerstëtzen, mussen ausserdeem op d'mannst 65 Prozent vun der EU-Bevëlkerung representéieren.

Eng Rëtsch Länner hunn hir Positiounen zum Text scho kloer zum Ausdrock bruecht, wéi Frankräich, Spuenien an Italien, déi d'Propos aktuell ënnerstëtzen. Kritiker vum Entworf wéi de Patrick Breyer a "Fight Chat Control" soen, dass am Moment eng Majoritéit, nämlech 14 vu 27, derfir sinn. Néng Länner, dorënner Holland, Lëtzebuerg, Éisträich a Polen, hu matgedeelt, dass si d'Gesetz a senger aktueller Form net akzeptéiere kënnen, wärend véier Memberstaaten nach net decidéiert sinn.

D'Belsch daucht an de meeschte Publikatiounen als Géigner vum Text op. D'N-VA, d'Partei vum Premierminister Bart De Wever, huet ugedeit, dass si dogéint stëmme wäert, wärend aner belsch Europadeputéiert (Les Engagés/Renew, Ecolo/Les Verts) sech a priori och dogéint ausschwätzen.

Mee de Schlëssel, fir dësen Text weiderzebréngen, kéint an den Hänn vun Däitschland leien. Et hat sech laang Zäit "defavorabel" zum Projet positionéiert, duerno war et "derfir", fir elo rezent op "net decidéiert" ze plädéieren. Den 10. September huet déi däitsch Kommissioun fir digital Affäre betount, dass Däitschland seng Positioun nach upasse misst. Opgrond vu sengem demografesche Gewiicht (+/- 19 Prozent vun der EU-Populatioun) wäert seng Positioun an dësem éischte Vott entscheedend sinn.

Wann Däitschland sech schlussendlech de Länner uschléisst, déi den Text ofleenen, kéint et also genuch Stëmme ginn, fir de Projet CSAM ze blockéieren. Wann den Text am Oktober awer ugeholl géif, géif de legislative Wee duerno weidergoen, fir zu enger Ofstëmmung am Europäesche Parlament ze kommen. Dës endgülteg Ofstëmmung iwwer d''Reglement kéint Enn 2025 oder Ufank 2026 stattfannen.

Eng lieweg Debatt an Desinformatioun

De Projet CSAM, dee vu senge Géigner "Chat Control" genannt gëtt, ass Géigestand vun enger Abberzuel Publikatiounen an de Sozialen Netzwierker a léist vill Debatten iwwer de Schutz vun der Privatsphär, d'Gefor vu Sécherheetslücken oder ondemokratesch Verännerungen aus. Den Text gëtt vu verschiddenen Organisatiounen ënnerstëtzt, déi awer der Meenung sinn, dass d'Propos equilibréiert ass an dass den Text e legitimt Zil erfëllt, nämlech d'Verbreedung vu kannerpornografesche Biller ze bekämpfen.

D'Behaaptung, dass fir d'Bevëlkerung geschwënn eng Massekontroll ageféiert gëtt, sinn ierféierend.

Éischtens gëtt d'Propos nach am Kader vum legislative Prozess an der EU gepréift an et ass duerchaus méiglech, dass et nach zu Ännerunge kënnt oder se d'Sëtzung vum Europäesche Rot, déi fir Oktober ugesat ass, net iwwersteet. No dëser Phas misst sech d'Europäescht Parlament nach positionéieren. Wann et net fir den Text stëmmt, géif en duerchfalen.

Wann eng Majoritéit vun den Deputéierte fir d'Reglement stëmme géif, ass et net auszeschléissen, dass europäesch Geriichter mam Reglement befaasse wäerten an et annuléiere kéinten.

Fir de Fall, dass den Text a senger aktueller Form zustane kënnt an ëmgesat gëtt, gesinn déi virgesi Garde-fouse vir, dass just Biller (Videoen, Fotoen an URLen) analyséiert ginn. De gesetzleche Kader vum Centre d'expertise, dee fir CSAM zoustänneg wär, gesäit keng Extensioun op aner Theemeberäicher wéi zum Beispill d'Terrorismusbekämpfung vir.

Doriwwer eraus géifen Opdeckungsordonnancen (Ordonnances de détection) ëmmer eng Geneemegung vu Fall zu Fall säitens de Geriichter oder onofhängegen Autoritéiten erfuerderen an dës wären zäitlech limitéiert.

Dëse Faktencheck vun RTBF gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.