Mir liewen an Zäite vu Polykrisen: Kricher a geopolitesch Tensioune suerge fir eng Energiekris, Inflatiounstauxen, déi klammen, an ëmmer méi Drock op de Regierungen, déi an Europa ëmmer manner de Réckhalt vun hire Biergerinnen a Bierger hunn.
U wéi enge politesche Stellschrauwe kënnen a musse Lëtzebuerg an awer och Europa dréien? Kënne mer eis nees op de re-animéierte Sozialdialog hei am Land verloossen? Iwwer alles dat schwätze mir dëse Samschde mam Éierestaatsminister a fréieren EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker.
LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren.
"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen " Background " wielen.