Zu Ettelbréck a BilschdrefEng schwéier an eng liicht blesséiert Persoun bei Messerpickereien

RTL Lëtzebuerg
Béid Täter konnte festgeholl ginn an hu Rendezvous beim Untersuchungsriichter.
© RTL Archiv

D’Police mellt zwee Blesséierter bei zwou verschiddene Messerpickereien e Freideg, eemol zu Ettelbréck an eemol zu Bilschdref.

Zu Ettelbréck gouf eng Persoun an der Rue DR Herr schwéier mat engem Messer blesséiert an huet missen hospitaliséiert ginn. D'Police wier géint 17.30 Auer gëschter Owend dowéinst geruff ginn an hätt kuerz drop eng verdächteg Persoun an enger Niewestrooss gestallt.

Op Uerder vum Parquet gouf de Verdächtege verhaft a koum op den Uerschterhaff. D'Persoun kënnt e Samschdeg de Mëtte virun den Untersuchungsriichter.

Zu Bilschdref ass eng dann nach eng weider Persoun vun hirem Partner mat engem Messer blesséiert ginn. Si koum mat liichte Verletzungen an d'Spidol.

Op Uerder vum Parquet gouf de Partner festgeholl an op den Uerschterhaff bruecht. Hie koum e Samschdeg de Moie virun den Untersuchungsriichter.

Back to Top
CIM LOGO