D'Foto vum Joer weist dat grujelegt Gesiicht vum Ukrain-Krich

Et ass e Bild, dat ronderëm d'Welt gaangen a ville Leit am Kapp hänke bliwwen ass.
D'Foto ass vum 9. Mäerz 2022 a weist eng schro blesséiert schwanger Fra op enger Brëtsch, gedroe vu véier Männer. Am Hannergrond: déi komplett zerstéiert Maternité vu Mariupol, zerstéiert duerch e russesche Loftugrëff, bewosst als Zil ausgewielt. Et handelt sech ëm d'Iryna Kalininia. Si huet dësen Ugrëff net iwwerlieft, och net hiert ongebuerent Kand. Dräi Mënsche koumen deen Dag ëm d'Liewen, 17 goufe verwonnt.
Fir d'Jury symboliséiert dës Foto "de Schrecken, deen de russeschen Ugrëffskrich fir d'Zivilbevëlkerung bedeit". Si hunn de Fotograf Evgeniy Maloletka gelueft fir säin Duerchhalverméigen ënner enormem Drock a grousser Gefor.