Sechs Méint no sengem Doud
Ouverture vum Mausoleum vun der Futtball-Legend Pele

© AFP
De Pele, deen den 29. Dezember d'lescht Joer am Alter vun 82 Joer u Kriibs gestuerwen ass, gouf op engem kolumbianesche Gedenk-Kierfecht am brasilianesche Santos bäigesat. Seng stierflech Iwwerreschter rouen an engem gëllene Caveau an der Mëtt vun engem 200 Quadratmeter grousse Raum, dee mat Futtball-Wuess ausgeluecht ass. Begréisst gëtt ee vun zwou liewensgroussen, gëllene Statue vum "O'Rei" (dem Kinnek).
D'Gebai vu 14 Stäck hält iwwregens de Guiness-Weltrekord als héchste Kierfecht op der Welt. Den Zougang bei d'Graf ass op 60 Persoune pro Dag beschränkt.
De Pele war deen eenzege Futtballspiller an der Geschicht, deen dräi Mol Weltmeeschter gouf - 1958, 1962 an 1970.
©
AFP
©
AFP
©
AFP
©
AFP
Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
Am meeschte gelies