Normalerweis ass d'Statue Cristo Redentor héich iwwer Rio de Janeiro hell beliicht. E Méindeg sinn d'Luuchten ausbliwwen aus Protest wéinst rassisteschen Äusserunge géint de Futtballstar beim Real Madrid Vinicius Junior.

Wärend dem Match géint Valencia gouf et rassistesche Gesang vun de géigneresche Supporter. Afe-Geräischer a -Gesten goufe gemaach, op enger Bréck zu Madrid houng souguer eng Gummispopp un engem Seel.

An deem Kader gëtt och nees drop opmierksam gemaach, dass dës Persoune weiderhin net kriminaliséiert ginn. Et stellt sech d'Fro, wisou d'Sponsore keng Rechenschaft verlaange bei La Liga.