USS Gerald Ford
Gréisste Krichsschëff vun der Welt aus den USA erreecht Norwegen

© AFP
D'USS Gerald Ford ass fir en Tëschestopp vun e puer Deeg an der norwegescher Haaptstad Oslo. Um iwwer 335 Meter laange Fligerträger mat Atomundriff ass Plaz fir bis zu 90 Fligeren an Helikopteren.
D'Schëff ass um Wee op de Polarkrees. Den 29. Mee fänkt do d'Militärübung Artic Challenge Exercise un, bei där 150 Fligeren aus 14 westleche Länner un engem Fluchmanöver deelhuelen.
Am meeschte gelies