E vun de groussen Avantage vum Roboter als Barmann wier, datt hie keen Drénkgeld géif froen, seet de Produzent vun der Maschinn.

Manner wéi eng Minutt soll et daueren, bis de Roboter an der "Botbar" de Kaffi gemaach huet an esou Aufgaben iwwerhëlt, déi an anere Coffeeshops mënschlech Baristae maachen. Nach ass de Café an enger Testphase.

De Produzent vum Roboter schwäermt jiddefalls vu sengen Apparater. E Roboter bräicht keng Paus, misst net op d’Toilette a kéint 24 Stonnen den Dag schaffen.

RTL

© SPENCER PLATT / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / Getty Images via AFP