Miroki vum Zauberplanéit
Franséisch Start-up entwéckelt e sympathesche Roboter

Dëse Roboter gesäit aus, wéi wann en aus engem Zeechentrickfilm staamt. Entwéckelt gouf de Miroki vun der franséischer Start-up "Enchanted Tools". E soll a Spideeler agesat ginn, ma och an Hoteller, Restauranten oder Muséeën. Do kann hien Objete vun A no B bréngen. An 10 Joer, sou de Plang, sollen et weltwäit iwwer 100.000 ginn.
Am meeschte gelies