E Méindeg ass e Vulkan bei Litli Hrutur ausgebrach, eng 30 Kilometer vun der islännescher Haaptstad ewech.

Den islänneschen Autoritéiten no ass et fir déi drëtte Kéier an zwee Joer, datt et an deem Beräich vum Land eng Eruptioun gëtt a Lava an d'Luucht geschoss gëtt an austrëtt. Biller vu lokale Medie weise grouss Dampwolleken, déi aus dem Buedem an den Himmel klammen.