Vum 11. bis de 14. August waren d'Ketty an de Rom Hankes zu Stockholm. Si hu vun hirer Rees flott Impressioune matbruecht.

Stockholm ass d'Haaptstad vun Schweden an déi gréisste Stad a Skandinavien. Si huet 14 Inselen an déi sinn iwwer méi wéi 50 Brécke matenee verbonnen. D'Alstad heescht Gamla Stan an do fënnt een d'Gas Mårten Trotzigs Gränd, déi op der schmuelster Plaz knapp 90 Zentimeter breet ass.

Iwwert déi véier Deeg goung et queesch duerch Stockholm. Do drënner war de Palais vum Kinnek, d'Schatzkummer mat de Krounen an de Bijouen, de Vasa Musée, den ABBA Musée, en Tour mam Schëff op Voxholm an d'Schäre stoungen och um Programm.

Boergeld brauch ee guer keent matzehuelen, well et bezilt een iwwerall quasi nëmme mat der Kaart. Op deene meeschte Plaze steet och No Cash, Only Cart.

Vill erlieft huet d'Famill Hankes an 52 Kilometer zu Fouss ware fir déi 4 Deeg och net schlecht.