Zu Schëtter sinn déi Gréng aktuell zesumme mat der Biergerlëscht an der LSAP an der Majoritéit.

D'Schëtter Gréng trieden dëst Joer fir d'zweete Kéier mat enger Lëscht bei de Gemengewalen un. Dat mat enger weiblecher Duebelspëtzt, déi vun der 1. Schäffen Nora Forgiarini ugefouert gëtt. Hir zur Säit steet d'Annemarie Nagel.

Op der grénger Schëtter Lëscht sinn 7 Fraen an 4 Männer, d'Altersmoyenne läit bei 48 Joer.

Déi komplett Lëscht:

  • Nora FORGIARINI 54
  • Annemarie NAGEL 64
  • Agnieszka BORGBJERG 43
  • Merrin BYDDER 46
  • Marc GEMEINHARDT 55
  • Michèle HALAND 21
  • Jean-Marc SCHOORMAN 55
  • Tamara SMIT 39
  • Marilise WOLF-CROWTHER 69
  • Jinghua WU 35
  • Nuno ZORRINHO 44