Um CR356BAuto no Accident op der Kopp, Rettungshelikopter am Asaz

RTL Lëtzebuerg
E Méindeg am Nomëtteg koum et zu engem méi uergen Accident, bei deem Samu a Rettungshelikopter op der Plaz waren.
© Domingos Oliveira

Um CR356B tëscht Folkendeng an der Reisermillen koum et e Méindeg am Nomëtteg kuerz viru 16 Auer zu engem Accident am Trafic. En Auto hätt sech dem ACL no bei engem Accident op d'Kopp gedréint. D'Strooss gouf wärend de Rettungsaarbechte gespaart. Eisen Informatiounen no waren op der Plaz och de Samu an de Rettungshelikopter.

Wéi de CGDIS spéider nach gemellt huet, gouf eng Persoun verwonnt.

Back to Top
CIM LOGO