
2,5 Milliarden Euro soll d'Bil wäert sinn, de Präis nennt d’Financial Times. Si mellt datt déi chineesesch Legend Holdings der Bank Goldman Sachs den Optrag ginn hätt, hir 90 Prozent un der Bil ze verkafen. De Staat well seng 10 Prozent awer halen.
Dat seet de Finanzminister Gilles Roth RTL op Nofro, och wann hie keng Presseartikele kéint kommentéieren: "Ech kann awer soen an dat wëll ech och, datt de Staat weider Aktionär bei der Bil bleift. D'Aktie vum Staat wäerten net verkaaft ginn."
De Staat géif seng Verantwortung iwwerhuelen:"D'Bill ass eng Zentralbank zu Lëtzebuerg, déi 1555 Mataarbechter huet, déi schaffen am Interessi vu Land a Leit. Et ass eng systeemesch Bank an duerfir steet de Staat zur Bill."
Wéi Legend Holdings sech 2017 bei der Banque internationale à Luxembourg akaaft hat, hat déi deemoleg Regierung mat den neien Aktionären ausgehandelt, datt de Siège vun der Bank zu Lëtzebuerg misst bleiwen an datt op mannst wärend dräi Joer kee Sozialplang géing kommen.
Well dës Regierung vu méiglechen neien Aktionären änlech Garantien? "Wann eng Iwwernam géif kommen, dass deen neien Aktionär, rechtlech gesinn, souwisou misst vu Frankfurt vun der Zentralbank approuvéiert ginn. Dat kann also nëmmen eng seriö Finanzinstitutioun sinn, déi och all déi Garantië bitt. An drëttens, d'BIL ass eng systeemesch Bank zu Lëtzebuerg, et ass eng Traditiounsbank a selbstverständlech wäert, im Fall der Fälle, de Staat all säi Poids do abréngen, fir dass déi Aarbechtsplaze garantéiert bleiwen."
D'Bil ass zwar déi eelste Bank zu Lëtzebuerg, mee huet an de leschte Joerzéngte mouvementéiert Zäite matgemaach. Legend Holdings hat seng Participatioun vu Precision Capital ofkaaft, enger Holding vun der katarescher Kinneksfamill.
Déi hat bei der Vente e gutt Geschäft gemaach. Precision Capital hat 2012 vum ugekënnegt Präis vu 730 Milliounen Euro ronn 650 Milliounen ausbezuelt. An - Dividenden inklusiv - op der Bil e steierfräie Gewënn vun 1,1 Milliarden Euro gemaach. Deen Ament war de Staat och als Aktionär mat an d'Bank erageklommen.
Virdrun huet d’Bil zum franséische Grupp Dexia gehéiert, dee wärend der Finanzkris 2008 duerch d'staatlech Interventioun vu Frankräich, der Belsch a Lëtzebuerg gerett gouf. Am Lëtzebuerg garantéiert de Statistike vun der Belscher Zentralbank no de Moment nach ëmmer fir ronn 160 Milliounen Euro fir d'Scholde vum fréiere Mammenhaus vun der Bil.
Fir d’Vente u Precision Capital a virun allem fir de Verkafspräis war den deemolege Finanzminister Luc Frieden vill kritiséiert ginn. No sengem Réckzuch aus der Politik war hien 2016 President vum Verwaltungsrot vun der Bil ginn. De Posten hat hien am Fréijoer 2023 opginn, fir als CSV-Spëtzekandidat an d’Chamberwalen ze goen.