
Eng 200 Beamten hunn 23 Gebaier duerchsicht. Dobäi sinn zwee presuméiert Fälscher an zéng presuméiert Keefer virleefeg festgeholl ginn. Dat huet d’Landeskriminalamt an de Parquet vun Darmstadt.
Wéi d’Ermëttler matdeelen, gëtt et ee Verdacht op kommerziell Dokumentefälschung. Dofir kann ee bis zu zéng Joer Prisong kréien. Et goufe Gebaier an de Stied Wiesbaden, Darmstadt, Offenbach, Frankfurt am Main, Kassel, Heidelberg a Karlsruhe duerchsicht.
Ee 36 Joer ale Mann soll Impfzertifikater gefälscht an zesumme mat engem 42 ale Mann fir 400 Euro d’Stéck veraaft hunn. D’Ermëttler gi vun op mannst 300 Fälschungen aus, 20 presuméiert Keefer konnte schonn ermëttelt ginn, 15 sinn de Mëttwoch sur place ugetraff ginn. D’Ermëttler hunn e puer zéngdausend Euro Boergeld saiséiert, genee wéi eng Rei eidel a gefälscht Impfpäss.