Bei enger russescher Rakéitenattack op en Appartementshaus am Norde vun der Ukrain sinn ukraineschen Informatiounen no op d'mannst 14 Leit ëm d'Liewe komm. Dorënner och véier Kanner, wéi et vun de Rettungsdéngschter e Mëttwoch heescht. Landeswäit goufen et op d'mannst 20 Doudeger, mellt den ukrainesche President a bezeechent déi rezent Attacke mat Dosende Rakéiten a méi wéi Honnert Dronen als "eng vun de schrecklechsten Attacken" zanter dem Ufank vum Krich.
D'Wunngebai wier zu Pryluky an der nërdlecher Regioun Tschernihiw getraff an zerstéiert ginn. 50 Leit goufen de Rettungsdéngschter no blesséiert, 15 weider Leit hätte kënne gerett ginn. Aktuell gëtt no Iwwerliewende gesicht.
Zwee weider Leit sinn dem Selenskyj no ëm d'Liewe komm, wéi Rakéiten an Héichhaiser zu Dnipro a Krementschuk an der Zentralukrain ageschloe sinn. Jeeweils zwee Doudeger hätt et dann nach bei Attacken op Oleksandrija a Kiew ginn.
Leit an der Haaptstad hunn a Metro-Statioune Schutz gesicht a ware mat Wallissen, Schlofmatratzen an Decken ënnerwee, fir sech a Sécherheet ze bréngen. "Mir hunn eis Saache gepak a sinn heihi komm, mir liewen direkt niewendrun", sot eng Fra, déi op engem Quai souz. "Ganz Kiew huet Angscht."
Mam Wanter, dee virun der Dier steet, gëtt Kiew nees verstäerkt vu Russland ugegraff. D'Attacken hu sech géint d'Energieinfrastruktur an de Bunn- a Stroosseverkéier an der ukrainescher Haaptstad geriicht, dorënner och géint d'Brécken iwwer de Floss Dnipro. D'Loftalarmsireene ginn zu Kiew antëscht reegelméisseg un, och an der Nuecht.
Wéinst de verstäerkte russeschen Dronen- a Rakéitenattacke fäerte vill Leit zu Kiew e weidere Wanter mat wéineg oder guer kenger Stroum- a Wäermeversuergung. E Freideg hat de Buergermeeschter Klitschko no Attacken op Brécken an Energieanlagen d'Situatioun an der Stad "extreem dramatesch" genannt a gewarnt, datt Kiew "a Stécker gerass" géing ginn.
Am Ganzen huet Russland an der Nuecht op e Mëttwoch op d'mannst 50 Rakéiten an 130 Dronen op verschidde ukrainesch Regioune geschoss. Fënnef ballistesch Rakéiten, 39 Marschfluchkierper a méi wéi Honnert Dronen hätten ofgefaange kënne ginn.